Kapellen zu Beidler

Vu Wikipedia

Zu Beidler, an der Gemeng Jonglënster, gëtt et véier Kapellen, wouvun der dräi am Duerf selwer an eng, d'Donatuskapell, baussent dem Duerf stinn. Déi véier Kapelle sinn a Privatbesëtz.

Kapell A Fiesch virum Haff mam selwechten Numm.
Kapell A Ludes.
D'Kapell A Wonesch. Lénks d'N14.
Pietà an der Kapell A Wonesch.

Kapell A Fiesch[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell steet an der Eescheler Strooss[1] (rue d'Eschweiler) virum Haus mam selwechten Hausnumm. An der Kapell ass eng Muttergottesstatu opgestallt. Et ass net gewosst wéini d'Kapell gebaut gouf, et gëtt awer ugeholl, datt se vun deenen dräi Kapellen am Duerf déi eelst ass, datt se also virun 1915 gebaut gouf.

Kapell A Ludes[änneren | Quelltext änneren]

Si steet vis-à-vis vum Haus mam selwechten Hausnumm. D'Kapell gouf 1915, am Éischte Weltkrich, gebaut. Am Bou iwwer dem Agank steet de Chronogramm
IN BELLO TREMENTES CVSTODIET REGINA PACIS AC SERVABIT
Iwwersat: An de Gefore vum Krich wäert d'Kinnigin vum Fridden eis beschützen a retten.
De Chronogramm ergëtt d'réimesch Zuelen MDCCCLLVVIIIII, also d'Joer 1915.

Kapell A Wonesch[änneren | Quelltext änneren]

Dës Kapell steet op der Kräizung vun der Eeschelerstrooss mat der N14. Um Altor bannenan ass eng Pietà opgestallt.

Donatuskapell[änneren | Quelltext änneren]

Si steet lénks laanscht d'Strooss déi vu Beidler op Eescheler féiert an ass dem hellegen Donatus geweit. Et ass net gewosst wéini d'Kapell gebaut gouf.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Donatuskapell zu Beidler.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, s.d. [2006]. Die Kapellen von Beidweiler. In: Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 264 S. Cf. S. 35-39.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Stroosseschëlter fir den Numm vun der Strooss.