Kaplan-Turbin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schematesch Duerstellung vun enger vertikaler Kaplan-Turbin


D' Kaplan-Turbin ass eng Turbin fir Stroum ze produzéieren. Si gouf 1913 vum éisträicheschen Ingenieur Viktor Kaplan entwéckelt.

Dës Turbin ass besonnesch efficace bei Stauwierker op Flëss déi vill Waasser féieren a wou d'Gefäll net brauch héich ze sinn, (tëscht 10 an 30 Meter, geet schonns duer fir e gudde Rendement ze hunn).

Vertikal agebaute Kaplan-Turbinne gi bei Kraaftwierker op Flëss bis Falhéichte vu 6,5 Meter agesat. D'Lafrad vun esou enger Turbin gläicht enger Schëffsschrauf. D'Schaute vun der Turbin si verstellbar a kënnen durch Servostéierung verstallt ginn, an esou der Quantitéit an dem Drock vum Waasser ugepasst ginn, fir ëmmer e maximale Rendement ze hunn.

Am Agank vun der Turbin ass e Leetwierk dat och verstellbar Lamellen huet. Dëst hëlleft datt d'Waasser ëmmer parallel zur Turbinnenachs op d'Schauten trëfft.

Kaplan-Turbinne gi mat dräi bis sechs Lafradschaute gebaut. Grouss Kaplan-Turbinne gi meeschtens vertikal agebaut, sou datt d'Waasser vun uewen no ënnen derduerch leeft.

Kaplan-Turbinnen dréine mat 50 bis 250 Tier an der Minutt an hunn e Wirkungsgrad bis zu 95%.

Commons: Kaplan-Turbines – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen