Karel VI. (HRR)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Karl VI.
1. Oktober 1685 – 20. Oktober 1740
Johann Gottfried Auerbach 004.jpg
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Amtszäit 1711-1740
Virgänger Joseph I.
Nofolger Karl VII.
Papp Leopold I.
Mamm Eleonore vu Pfalz-Neuburg

De Karl VI., gedeeft Franz Joseph Wenzel Balthasar Johann Anton Ignaz, gebuer den 1. Oktober 1685 zu Wien an och do gestuerwen den 20. Oktober 1740, war vun 1711 bis 1740 réimesch-däitsche Keeser, Kinnek vun Ungarn (als Karl III.), Kinnek vu Béimen (als Karl II.) an och vun 1714 bis 1740 Herzog vu Lëtzebuerg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf den 1. Oktober 1685 als zweete Jong vum Keeser Leopold I. aus dem Haus Habsburg mat senger 3. Fra Eleonora Magdalena vun der Pfalz-Neuburg zu Wien gebuer. Säi Brudder war de Joseph I. Erzu gouf hien vum Anton Florian vu Liechtenstein. Wéi all Habsburger hat hien en Handwierk misse léieren a sech fir eng Ausbildung als Béchsemeeschter entscheet. Nom Doud vum Karl II., de leschte spueneschen Habsburger, huet den Karl VI. Spuenien geierft a vun 1700 un do regéiert.

Als Karl III. war hie virgesinn fir de spueneschen Troun, sou hat et opmannst de Carlos II. virgesinn. En anere méiglechen Ierwen war de Philippe, Enkel vum Louis XIV. Dëst konnt nees nëmmen zu Streidereie féieren, a sou huet et och net laang gedauert bis de Spueneschen Ierffollegkrich ausgebrach ass. Nom fréien Doud vu sengem Brudder Joseph gouf hien den 12. Oktober 1711 zu Frankfurt zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gekréint.

1708 huet hien d'Elisabeth Christina bestuet. Si krute keng männlech Nokommen, awer 2 Meedercher: d'Maria Teresia, déi spéider Keeserin, an d'Maria Anna. D'Akraaftsetzung vun der Pragmatescher Sanktioun vum Karl VI. huet dofir gesuergt, datt seng Meedercher seng Nofolger konnte ginn.

Bei der Juegd, déi zu sengen Hobbye gezielt huet, hat hie sech erkaalt an ass dorun den 20. Oktober 1740 am Schlass Favorita (haut Theresianum) gestuerwen.

Héichpunkter[änneren | Quelltext änneren]

Ënner senger Herrschaft hat d'Habsburgerräich seng gréisst Ausdehnung, wat awer virun allem dem Prënz Eugen vu Savoyen ze verdanke war, dee grouss militäresch Kenntnesser hat. De Karel VI. huet, grad wéi säi Papp, d'Kultur staark ënnerstëtzt. Seng Regéierungszäit war den Héichpunkt vum Barock fir Éisträich. Sou huet hien ënner anerem zu Wien d'Spuenesch Haffreidschoul baue gelooss, de Michaelertrakt an der Hofburg an déi haiteg Nationalbibliothéik, an zu Sopron déi Westungaresch Universitéit gegrënnt.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Karel VI. z'erënneren ass am Garer Quartier an der Stad eng Strooss no him benannt: d'rue Charles VI verbënnt d'rue du Fort Wallis mat der rue du Fort Neipperg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Virgänger:
Joseph I.
Keeser vum HRR
1711 - 1740
Nofolger:
Karl VII.
Virgänger:
Joseph I.
Kinnek vun Ungarn
1711 - 1740
Nofolger:
Maria Theresia
Virgänger:
Joseph I.
Äerzherzog vun Éisträich
1711 - 1740
Nofolger:
Maria Theresia
Virgänger:
Joseph I.
Kinnek vu Béimen
1711 - 1740
Nofolger:
Maria Theresia
Commons: Charles VI, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien