Karfreideg
| Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Karfreideg ass de Freideg virun Ouschteren. E gëtt deemno nom Gréngen Donneschdeg a virum Karsamschdeg gefeiert. Obwuel Karfreideg zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Feierdag ass, hunn d'Banken decidéiert doraus e jour férié bancaire ze maachen a bleiwen deen Dag zou.
Den Numm bedeit Trauerfreideg an ass zréckzeféieren op dat alhéidäitscht chara luctus, dat alsächsescht cara an dat gotescht kara"(cf. dat englescht "to care").
De Karfreideg ass, mat Ouschteren, ee vun de wichtegste chrëschtleche Feierdeeg. Hei gëtt un d'Kräizegung vum Jesus an un d'Erwaarde vu senger Operstéiung erënnert. Dem Neien Testament no, huet hien der Uklo, Juddekinnek ze sinn, net widdersprach, an ass dofir gekräizegt ginn. Dem chrëschtleche Glawen no huet de Jesus fräiwëlleg gelidden: als "Gotteskniecht" huet hie fräiwëlleg d'Sënnen an d'Schold vun alle Mënschen op sech geholl. Eréischt duerch säin Doud um Kräiz ginn all d'Mënsche vun hirer Schold esou wéi vun hire Sënne befreit, an en éiwegt Liewen nom Doud gëtt hinnen erméiglecht.
An der Kathoulescher Kierch ass Karfreideg de strengste Faaschtendag an der 40 Deeg laanger Faaschtenzäit. Op dësem Dag dierf op kee Fall Fleesch giess ginn. Besonnesch streng Chrëschten iesse vum Karfreideg bis moies um Ouschtersonndeg iwwerhaapt näischt. Um Karfreideg ginn et och haut nach verschidde Bräich: sou iessen d'Chrëschten op dësem Dag zum Beispill Fësch, well dësen ee vun deenen eelste Symboler ass, mat dem sech d'Chrëschten z'erkenne ginn.Op Karfreideg gëtt am Allgemengem kee Fleesch giess, et gëtt also op "d'Déiere vum Himmel a vun der Äerd" verzicht.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Karfreideg – Biller, Videoen oder Audiodateien |