Karikatur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Karikatur (v. it.: caricare - "iwwerlueden, iwwerdreiwen") versteet een déi mat Witz iwwerzeechent Duerstellung vu Persounen oder gesellschaftlechen Zoustänn.
Et handelt sech meeschtens ëm eng bildlech Form vun der Satir. D'Karikatur iwwerdreift bewosst, iwwerspëtzt a verzerrt charakteristesch Zich vun engem Evenement oder engem Mënsch, fir duerch de gewisene Kontrast zur Realitéit an déi duergestallte Widderspréch de Betruechter zum Nodenken ze bewegen.
Dacks geschitt dëst an engem politesche Kontext, wou zu enger aktueller Situatioun sarkastesch-ironesch Stellung bezu gëtt. Wesentlech Feeler a Mängel vun der duergestalltener Persoun (z.B. vun engem Politiker) oder dem Objet oder Evenement, ginn opgedeckt an duerch d'Aart a Weis vun der meeschtens zeechnerescher Presentatioun der Lächerlechkeet präisginn.
D'Karikatur kann awer och humoristesch ausgeriicht sinn an eenzeg an eleng der Ënnerhalung déngen (z.B. Karikature vu Schauspiller a Boulevardzäitschrëften an Illustréierten).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht vun der Karikatur
[änneren] Typologie
[änneren] Déi politesch Karikatur
[änneren] Karikatur an den Diktaturen
[änneren] Karikatur an der politescher Propaganda
[änneren] Rassistesch Karikatur
[änneren] Sexistesch Karikatur
[änneren] Karikatur am Nationalsoszialismus
[änneren] Reliéis Karikatur
[änneren] Wichteg Karikaturisten
[änneren] Klassiker
[änneren] Däitschland
- Horst Haitzinger Den Hauskarikaturist vun der tz Tageszeitung
- Kurt Halbritter
- Gerard Hoffnung
- Luis Murschetz Dem Paul Flora säin Nofolger an der Wochezeitung Die Zeit.
- Chlodwig Poth, Pardon an Titanic
- Michael Mathias Prechtl, Buchillustratiounen bei der Büchergilde Gutenberg an Titelbiller vum Der Spiegel
[änneren] Frankräich
- Caran d'Ache, den Emmanuel Poiré, e Klassiker vun der franséischer politescher Karikatur
- Plantu, de Jean Plantureux ass zënter 1972 den Hauskarikaturist bei Le monde.
- Jacques Faizant, dee bal 40 Joer laang op der Titelsäit vun der Dageszeitung Le Figaro seng Karikature publizéiert huet.
[änneren] Éisträich
[änneren] Lëtzebuerg
- Florin Balaban – Luxemburger Wort, La Voix du Luxembourg
- Fons Deloos
- François Didier alias "Diti" – De soziale Fortschrëtt, Tageblatt
- Guy Didier – Lëtzebuerger Journal, D'Lëtzebuerger Land
- Nic Feider – Nuckes, Lëtzebuerger Sonndesblat
- Alphonse Hutsch – Revue, Tageblatt
- Frantz Kinnen – De Mitock
- Roger Leiner – Revue
- Romain Lenertz
- Pol Leurs alias "Poleurs" – Forum, Revue
- Albert Simon - A-Z Luxemburger Illustrierte
- Guy W. Stoos - Den Neie Feierkrop, woxx
- Patricia Thielen alias "Patty"
- Marcel Weiland
- Fern Weirich - Le Quotidien, Le Jeudi
- Carlo Schneider . Tageblatt
[änneren] Norwegen
[änneren] Literatur zum Thema
- Knieper, Thomas, 2002. Die politische Karikatur: Eine journalistische Darstellungsform und deren Produzenten. Köln: Herbert von Halem Verlag.
- Kotek, Joel, 2004. Au nom de l'antisionisme. L'image des juifs et d'Israel dans la caricature depuis la seconde Intifada. Bréissel/Paräis: Editions Complexe.
- Lamb, Chris, 2004. Drawn to Extremes: The Use and Abuse of Editorial Cartoons. New York, Columbia University Press.
- Schneider, Franz, 1988. Die politische Karikatur. München: C.H. Beck.
- Sifaoui, Mohamed, 2006. L’affaire des caricatures : dessins et manipulations. 178 p. Ed. privé, Paris.
- Thiel, Marc, 1990. Satire et caricature de presse dans la seconde moitié du 19e siècle : l’histoire du premier journal satirique "D'Wäschfra" (1868-1884). Mémoire de fin de stage pédagogique, 2 vol. (277 p., 293 f.). Luxembourg.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Musée vun der Karikatur a vum Cartoon zu Veianen
- Kiischpelter Cartoonale
- Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten
[änneren] Um Spaweck
- Dem Georg Simmel säin Aufsatz Über die Karikatur vun 1917
- Websäit vum Karikatur- a Cartoonmusée vu Basel
- Dem Plantu seng offziell Websäit, mat der Net-Mohammed Karikatur als Entrée
- Historesch-politesch Karikaturen analyséieren
- Cartoons