Karl Wilhelm Valentiner

Vu Wikipedia
Karl Wilhelm Valentiner
Gebuer 22. Februar 1845
Gestuerwen 1. Abrëll 1931
Berlebeck
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Karl Wilhelm Friedrich Johann Valentiner[1], gebuer den 22. Februar 1845 zu Eckernförde a gestuerwen den 1. Abrëll 1931 zu Berlebeck bei Detmold war en däitschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Valentiner huet bis 1863 d'Thomasschoul zu Leipzig besicht.[1] No der Promotioun zum Dr. phil. huet de Valentiner 1874 un enger erfollegräicher däitscher Expeditioun fir d'Observatioun vun enger Sonnendäischtert no Tschifu (China) deelgeholl. 1875 huet hien d'Leedung vum Mannheimer Observatoire iwwerholl. Well d'Observatiounsbedingunge zu Mannheim awer ëmmer méi schlecht goufen, huet de Valentiner dozou gedrängt, den Observatoire op Karlsruhe (Volleksobservatoire Karlsruhe) ze verleeën, wat 1880 vum Groussherzog Friedrich I. von Baden genehmegt gouf. Schlussendlech gouf sech fir de Bau vun engem neien Observatoire um Königstuhl bei Heidelberg entscheet.

No der Installatioun vum „Groussherzoglechem Observatoire“ (dem haitege Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl) am Joer 1898 huet de Valentiner d'Sektioun fir Astrometrie iwwerholl, déi a Konkurrenz zu der astrophysikalescher Sektioun ënner dem Max Wolf stoung. 1909 ass de Valentiner emeritéiert, wourop hin déi zwou Sektiounen ënner der Leedung vum Wolf zesummegeluecht goufen.

De Valentiner war och Professer fir Astronomie un der Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Handwörterbuch der Astronomie in vier Bänden, Breslau
  • Astronomische Bilder, Leipzig, 1881

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Richard Sachse, Karl Ramshorn, Reinhart Herz: Die Lehrer der Thomasschule zu Leipzig 1832–1912. Die Abiturienten der Thomasschule zu Leipzig 1845–1912. B. G. Teubner Verlag, Leipzig 1912, S. 41.