Karl-Heinz Köpcke

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps aktion.png Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Karl-Heinz Köpcke (* 29. September 1922 zu Hamburg; † 27. September 1991 och do) war Chefspriecher bei der Tagesschau vun der ARD.

De Köpcke ass eng Legend vun der däitscher Tëleegeschicht. Seng laangjäreg Presenz um Bildschierm - hie war Tagesschau-Spriecher vum 2. Mäerz 1959 bis den 10. September 1987 an zanter dem Januar 1964 Chefspriecher - a säin ëmmer korrekt a seriöst Optrieden hunn him de Spëtznumm Mr. Tagesschau abruecht.

Déi Fäll, wou de Köpcke sech verschwat huet, waren sou seelen, dat et all Kéier zu engem Bild-Zeitung-Titel gefouert huet. (Aufpitschmittel).

Hien ass ee Joer nom Doud vu senger Fra u Kriibs gestuerwen.