Karl Ludwig Hencke

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Karl Ludwig Hencke gebuer den 8. Abrëll 1793 zu Driesen (haut; Drezdenko a Polen), ass gestuerwen den 21. September 1866 zu Marienwerder. Hie war en däitschen Amateurastronom an Entdecker vun den Asteroiden Astraea an Hebe.

Am Joer 1813 ass den Hencke als Fräiwellegen an de Krich géint de Napoléon Bonaparte gezunn a gouf schonn an der Schluecht bei Großgörschen schwéier verwonnt. Spéider war hien op verschiddene Plazen a Preisen als Postsekretär täteg, fir d'lescht zu Friedeberg an der Neumark. Zanter dem Joer 1837 war hien an der Pensioun a konnt sech komplett mat sengem Hobby, der Astronomie beschäftegen.

Den 8. Dezember 1845 entdeckt hien de fënneften Asteroid vum Sonnesystem, den Astraea. Bemierkenswert ass, datt zanter der Entdeckung vum véierten Asteroiden Vesta am Joer 1807 bal véierzeg Joer vergaangen waren. An am Joer 1847 entdeckt den Hencke och nach de sechsten Asteroid, deen hien Hebe genannt huet. Dës zwou Entdeckungen goufen Ulass zu weideren Observatiounen, an et goufen ëmmer weider Klengplanéiten entdeckt.

Den Hencke huet eng vun de Berliner akademeschen Stärekaarten beaarbecht.

De Karl Ludwig Hencke ass op enger Rees den 21. September 1866 bei Marienwerder gestuerwen.

Kuckt och Lëscht vun den Asteroiden