Karl Malden
De Karl Malden, gebuer den 12. Mäerz 1912 zu Gary am US-Staat Indiana[1] als Mladen George Sekulovich (Serbesch: Младен Ђорђе Секуловић), a gestuerwen den 1. Juli 2009 zu Brentwood bei Los Angeles war en US-amerikanesche Schauspiller.
Éier de Karl Malden 1933 op der Goodman Theatre Dramatic School zu Chicago Schauspillunterrecht geholl huet, war hie Schmelzaarbechter, an engem Heichuewebetrib, wou hie well en ëmmer Aarbechten déi mat groussem Risiko vebonne waren, ugeholl huet, vill Sue verdéngt hat.
Säin Numm huet hien Enn der drësseger Joren, op e Rot vum Elia Kazan g'ännert.
Seng Holliwoodcarrière huet hien an zwéi Klassikeren ugefaangen. Fir eng Nieweroll am Film A Streetcar Named Desire, an deem hien de scheie Mitch spillt, deen an d'Südstaatlerin Blanche Dubois verléift ass, krut hien en Oscar. Am Film On the Waterfront, spillt hien e Paschtouer, deen e jonke Boxer a sengen Aktioune géint korrupt Gewerkschaftsbosser ënnerstëtzt. An den zwéi Filmer hat den Elia Kazan d'Regie, an dem Malden säi Partner war de Marlon Brando.
Hien huet ë.a. a Broadway-Theaterstécker, a Western, Spionagefilmer a Musicale matgespillt. Mat seng bekannste Roll war déi vum Leitnant Mike Stone zesumme mam Michael Douglas (Inspekter Heller), an der Televisiounsserie The Streets of San Francisco.
Säi leschten Optrëtt hat de Karl Malden am Joer 2000 an der US-Serie West Wing déi den deeglechen Oflaf vum Liewe vun engem fiktive President am Wäissen Haus weist, an där hien e Paschtouer spillt.
De Karl Malden, dee vun 1938 u mat der Schauspillerin Mona Graham bestuet war, huet a 70 Filmer matgespillt, a war vun 1989 bis 1992 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences.
[änneren] Filmografie (Auswiel)
- 1940: They knew what they wanted
- 1946: Boomerang!
- 1947: Kiss of Death
- 1951: A Streetcar Named Desire (Regie: Elia Kazan)
- 1952: Ruby Gentry
- 1953: I Confess (Regie: Alfred Hitchcock)
- 1954: On the Waterfront (Regie: Elia Kazan)
- 1956: Baby Doll
- 1957: Fear strikes out (Regie: Robert Mulligan)
- 1961: One-Eyed Jacks
- 1962: Birdman of Alcatraz
- 1962: Gypsy
- 1965: The Cincinnati Kid
- 1966: Nevada Smith
- 1967: Billion Dollar Brain
- 1970: Patton
- 1971: Wild Rovers
- 1979: Beyond the Poseidon Adventure
- 1979: Meteor
- 1983: Twilight Time
- 1983: The Sting II
- 1986: Heartbreak Ridge
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Karl Malden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ Die Welt, 3. Juni 2009, Säit 25