Karl Rümker

Vu Wikipedia
Karl Rümker
Gebuer 28. Mee 1788
Gestuerwen 21. Dezember 1862
Lissabon
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina
De Bierg Rümker (Mons Rümker) op dem Äerdmound

De (Christian) Karl (Ludwig) Rümker, och: Carl Rümker, Charles Rümker[1], gebuer den 28. Mee 1788[2] zu Stargard a gestuerwen den 21. Dezember 1862 zu Lissabon, war en däitschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Karl Rümker gouf als jéngst vu fënnef (bekannte) Kanner vum Jurist a Stadriichter Justus Friedrich Rümker (1741-1817) an deem senger Fra Dorothea Maria, geb. Siemerling (1757-1788) an der südostmecklenburgescher Landstad Stargard gebuer. Eréischt kuerz virdrun hat de Papp, dee virdrun Affekot zu Neubrandenburg war, d'Plaz vum Geriichtsverwalter zu Stargard iwwerholl. Dacks gëtt doduerch d'Gebuertsstad vum Rümker mat Neubrandenburg uginn.

Besicht hat de Karl Rümker de Berliner Lycée (Berlinisches Gymnasium zum Grauen Kloster). Seng éischt berufflech Orientéierung war d'Baufach. Virum Abitur huet hien awer d'Schoul verlooss. Vun 1807 un huet hie sech dunn zu Hamburg als Mathematikschoulmeeschter duerchgeschloen. 1809 gouf hie Séimann an ass zum Schluss am Joer 1813 Offizéier an englesche Déngschte ginn, wou hien un de Kricher géint d'Fransousen an d'Nordamerikaner bedeelegt war.

Vun 1819 bis 1820 war hien Instrukter an der Navigatiounsschoul zu Hamburg. 1821 ass hie mam Thomas Brisbane no Australien gefuer, wou dee Gouverneur fir New South Wales gouf. De Brisbane, dee schonn an England en eegenen Observatoire hat, huet um Gouverneurssëtz Parramatta deen éischten Observatoire vun Australien gebaut. Als Leeder huet hien de Rümker agestallt, deen do vun 1821 bis 1830 zesumme mam James Dunlop geschafft huet. Dem Rümker säin Éiergäiz gouf ëm de Koméit Encke wakreg gemaach, deem seng Bunn a méiglech Plaz vum kommende Rendez-Vous hie berechent huet. Hien an den Dunlop hunn ofwiesselnd den Himmel observéiert an de 24. Mee 1822 hat den Dunlop de Koméit nees erëm fonnt. Dëst war déi zweet Zeréckentdeckung vun engem Koméit no dem Koméit Halley. Ëm dës Entdeckung gouf et Sträit, op de Rümker oder den Dunlop den Entdecker vum Koméit wier. Resultat vun dësen Differenze war, datt de Rümker 1823 de Paramatta-Observatoire verlooss huet an op en eegent klengt Stéck Land gezunn ass. 1824, nodeem de Brisbane no England zeréckberuff gi war, krut de Rümker d'Leedung vum Observatoire zeréck. E grousse Projet war d'Hierstellung vun engem ëmfangräiche Stärekatalog fir de südlechen Himmel mat iwwer 7000 Stärepositiounen.

1829 ass de Rümker mam Schëff no England gefuer, fir zu London nei Instrumenter fir den Observatoire a fir en australesche Vermiessungsprojet ze beschafen. Zu London goufen him Intrigen an der Royal Astronomical Society, anscheinend vum Brisbane inszenéiert, zum Schicksal, soudatt e Retour no Paramatta net méi méiglech war[3].

Zu dësem Zäitpunkt huet den Hamburger Observatoire en neien Direkter gesicht. De Rümker huet déi Plaz 1830 ugeholl. Gläichzäiteg gouf hien och Direkter vun der Navigatiounsschoul, déi am selwechte Gebai ënnerbruecht war. De Stärekatalog, deen hien zu Paramatta erstallt hat, gouf 1832 zu Hamburg publizéiert. Zu Hamburg hat de Rümker een nach méi grousse Katalogprojet mat 12.000 Stärepositiounen opgestallt. Och d'Aarbechten an der Navigatiounsschoul haten zougeholl. Bei sengem Untrëtt 1831 waren et 60 Studenten, 1857 schonn iwwer 250.

Deen enormen Aarbechtspensum hat senger Gesondheet staark zougesat. Am Mäerz 1854 ass hie bei enger Schwächt vun der Observatiounsleeder gefall a säin Hëftgelenk gouf beschiedegt. D'Follge vun dësem Ongléck sinn ni méi richteg ausgeheelt. 1857 huet hien d'Leedung vum Observatoire u säi Jong George iwwerginn an ass op Lissabon gewiesselt[4].

Säi Jong George, gebuer den 31. Dezember 1832 zu Hamburg, war och Astronom an am Ufank vun 1853 bis 1856 op dem Observatoire zu Durham, duerno zu Hamburg täteg. Publizéiert hat hie vill Observatiounen a Berechnunge vu Planéiten a Koméiten.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Preliminary catalogue of fixed stars etc., Hamburg 1832
  • Handbuch der Schiffahrtskunde, 6. Auflage, Hamburg 1857 (Nei Editiounen, ufänglech vum Reinhard Woltman)
  • Mittlere Örter von 12.000 Fixsternen, Hamburg 18431852, 4 Deeler; nei Folleg 1857, 2 Deeler
  • Längenbestimmung durch den Mond, Hamburg 1849

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • George F.J. Bregman, "Christian Carl Ludwig Rümker (1788-1862), Australia's first Government Astronomer", Royal Australian Historical Society, Vol. 46, 1960, part 5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. In der älteren Literatur häufig falsch als: Karl Ludwig Christian R. oder Carl Ludwig Christian R.
  2. Net den 28. Mee 1788, wéi d'ADB fälschlecherweis seet.
  3. Carl Ludwig Rümker, "On the most approved methods of forwarding the interests of science collected from the works writings and acts of an eminent astronomer", Hamburg, 1831
  4. * J. Schramm, Sterne über Hamburg - Die Geschichte der Astronomie in Hamburg, 2. überarbeitete und erweiterte Auflage, Kultur- & Geschichtskontor, Hamburg 2010, ISBN 978-3-9811271-8-8