Karl Schwarzschild

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Karl Schwarzschild

De Karl Schwarzschild, gebuer den 9. Oktober 1873 zu Frankfurt am Main a gestuerwen den 11. Mee 1916 zu Potsdam, war en däitschen Astronom a Physiker. Hie gëllt als Pionéier vun der moderner Astrophysik.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Karl Schwarzschild gouf zu Frankfurt als eelst vu sechs Kanner an enger räicher däitsch-jiddescher Famill gebuer (hien huet sech awer spéider deefe gelooss). Seng Eltere waren d'Henrietta Sabel an de Moses Martin Schwarzschild. Hien ass an engem kultivéierte groussbiergerlechen Ëmfeld opgewuess. D'Famill hat villsäiteg Interessien; ënner anerem Musek a Konscht goufe geflegt. Zu Frankfurt ass hien an déi jiddesch Elementarschoul an duerno an de Lessing-Gymnasium gaangen, wou hie sech fréizäiteg fir d'Astronomie interesséiert huet. Schonn als 16-järege Student huet hien an den Astronomischen Nachrichten zwou Aarbechten iwwer d'Bunnbestëmmung vu Planéiten a vun Duebelstäre publizéiert. Nom Abitur, dat hien als Beschte vu sengem Joergank bestanen hat, huet de Karl Schwarzschild vun 1890 un op der Universitéit vu Stroossbuerg Astronomie studéiert. 1892 huet hien op d'Ludwig-Maximilians-Universitéit München gewiesselt, wou en 1896 ënner dem Hugo von Seeliger zum Thema Die Entstehung von Gleichgewichtsfiguren in rotierenden Flüssigkeiten promovéiert huet.

Vun 1897 un huet de Schwarzschild zwee Joer als Assistent am Kuffner-Observatoire zu Wien geschafft. Do huet hie sech mat der Photometrie vu Stärekéip beschäftegt an d'Grondlage fir eng Formel geluecht, déi d'Bezéiung tëscht der Intensitéit vum Stäreliicht, der Beliichtungszäit an der Schwäerzung vun der Fotosplack an der Astrofotografie beschreift. E wichtegt Glidd vun der Formel ass d'Schwarzschild-Exponent. 1899 ass hien zréck op München gaangen.

Vun 1901 bis 1909 war de Schwarzschild Professer an Direkter um Observatoire Göttingen. Do konnt hie mat Perséinlechkeete wéi dem David Hilbert an dem Hermann Minkowski zesummeschaffen. 1909 gouf hien Direkter vum Astrophysikaleschen Observatoire zu Potsdam. 1912 gouf de Schwarzschild Member vun der Preisescher Akademie vun de Wëssenschaften. Beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich 1914 huet hie sech fräiwëlleg bei d'Arméi gemellt. Hie war op der Ost- a Westfront an hat do ënner anerem ballistesch Berechnungen ze maachen. Während dem Krich ass hien un enger Autoimmunkrankheet vun der Haut (Pemphigus vulgaris) erkrankt a koum am Mäerz 1916 als Invalid vun der Front zréck. Zwéi Méint méi spéit ass hien am Alter vun nëmmen 42 Joer gestuerwen.

De Karl Schwarzschild ass de Papp vum Astrophysiker Martin Schwarzschild.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Während dem Krichsdéngscht huet hien 1915 a Russland eng Ofhandlung iwwer d'Relativitéitstheorie an eng iwwer d'Quantentheorie geschriwwen.

Seng Aarbecht iwwer d'Relativitéit huet déi éischt genee Léisunge vun de Feldequatioune vun der Allgemenger Relativitéitstheorie bruecht – eng fir kugelfërmeg symmetresch Kierper déi net rotéieren an eng fir statesch isotrop eidel Raim ëm fest Kierper.

De Schwarzschild huet och e puer grondleeënd Aarbechten iwwer klassesch Schwaarz Lächer geleescht. E puer Eegeschafte vu schwaarze Lächer kruten dofir säin Numm (Schwarzschild-Metrik, Schwarzschild-Tangherlini-Metrik a Schwarzschildradius). De Kär vun engem schwaarze Lach gëtt Schwarzschild-Singularitéit genannt.

Eng weider Aarbecht an der Astronomie huet hien iwwer d'fotografesch Hellegkeetsmiessung vu Stäre gemaach. Während Studien iwwer de Strahlungstransport an der Sonnenatmosphär huet de Schwarzschild de Begrëff vum Stralungsgläichgewiicht fir d'éischt benotzt. Mat Methode vun der Stellarstatistik huet hien d'Verdeelung vun de Stären an der Mëllechstrooss ënnersicht.

Hien huet weider och d'Theorie vun den optesche Systemer verbessert.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid Schwarzschilda gouf no him genannt. Zu Göttingen an zu Garching bei München goufe jee eng Strooss no him genannt.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Karl Schwarzschild – Quellentexter

iwwer optesch Systemer:

iwwer Hellegkeetsmiessungen:

iwwer d'Sonnenatmosphär:

iwwer dem Eistein seng Feldequtiounen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]