Karl Theodor Robert Luther

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Karl Theodor Robert Luther, gebuer de 16. Abrëll 1822 zu Schweidnitz a Schlesien, a gestuerwen de 15. Februar 1900 zu Düsseldorf, war en däitschen Astronom, dee virun allem duerch d'Entdeckung vu sëllechen Asteroide bekannt gouf.

Zanter 1841 studéiert hien zu Breslau an zu Berlin Philosophie, Mathematik an Astronomie. Gläichzäiteg schafft hien am Berliner Observatoire a kritt do 1848 eng Ustellung. Am Joer 1851 wiesselt hie als Direktor an den Observatoire vun Düsseldorf.

Tëscht 1852 a 1873 geléngt him do d'Entdeckung vu 24 Asteroiden. Domat hat hien den däitsch-franséischen Astronom Hermann Mayer Salomon Goldschmidt "iwwerholl", deen 1852-1861 14 Asteroiden fonnt hat. Nom Luther huet den Amerikaner C.H.F. Peters et op 48 Entdeckungen (1861-1889) an den Éisträicher Johann Palisa et op 123 Asteroide bruecht (1874-1923).

Beim Zeechne vun der akademescher Stärekaart hora O entdeckt de Luther de verännerleche Stär T Piscium am Stärebild Pisces (Fësch).

An der Universitéit Bonn gouf hien 1855 zum Dr. phil. honoris causa ernannt a krut vun der Paräisser Académie des sciences siwemol de Lalande-Präis fir Astronomie. Seng Stad Düsseldorf huet sech fir de Prestigegewënn finanziell erkenntlech gewisen.

Op der Paräisser Gedenkmedail vum Joer 1868, déi ulässlech vum honnertsten Asteroid geprägt gouf, ass hien nieft dem Hermann Goldschmidt an dem John Russell Hind, zwéin aner Rekordentdecker, ofgedréckt.

No him gouf och den Asteroid (1303) Luther benannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie