Kasematt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kasematte vum Fort Lambert (Deel vun der Festung Lëtzebuerg)

Eng Kasematt och nach Bunker ass en Deel vun enger Festung oder engem Fort dee ganz oder Deelweis am Buedem läit, fir géint de Beschoss vun Artilleriefeier, oder géint Bommen ze schützen.

Ofhängeg vum Festungswierk, a vun der Plaz, kënne se gebaut sinn. Bei ale Festunge sinn et dacks verwëlleft Galerien, wéi z. B. an der Festung vun Namouer, d'Galeries de Boufflers, oder an de Fiels gehae sinn, wéi déi meescht Kasematte vun der Festung Lëtzebuerg. A moderne Forte si se aus arméiertem Bëtong.

Se ginn ënnerdeelt an aktiv a passiv Kasematten. Passiv Kasematte si geduecht fir Truppen oder Material ze schützen, wéi z. B. a ville Forten déi zum Système Séré de Rivières gehéieren.

Aktiv Kasematte gi gebaut, fir bei der Verdeedegung vun der Festung kënnen ze hëllefen, doduerch datt an hinne Maschinnegewierer oder Artilleriesgeschëtzer installéiert sinn. Där sinn z. B. an de Forte vun der Maginot-Linn ze fannen, wéi d'Kasematt vum Péitersbierg bei Angevillers oder d'Kasematt vu Boust.

D'Etymologie vum Wuert ass net kloer: Verschidde Quelle féieren et op déi spuenesch Wierder casa - "Haus" a matar "ëmbréngen", zréck, anerer op dat italienescht Wuert casamatta, wat "Gewëllef mat Mauere" bedeit, a sengersäits op d'griichescht Wuert chásma, wat "Äerdspléck" heescht, zréckgéing.

Kuckt och [änneren]

Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell


Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen

Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse

Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont

Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen

Festungen an Norwegen: Festung Akershus

Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém

Festungen an den USA: Alcatraz

Commons: Bunkers by country – Biller, Videoen oder Audiodateien