Kasematte vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Kasematte vum Fort Lambert (Deel vun der Festung Lëtzebuerg)
d'Bock-Kasematten
Kanoun an de Bock-Kasematten
Trap am Agang vun de Péitruss-Kasematten

Déi éischt Kasematte sinn zu Lëtzebuerg 1644 ënner de Spuenier entstanen. Véierzeg Joer méi spéit huet de franséische Festungsingenieur Vauban se weider ausgebaut an am 18. Joerhonnert hunn och d'Éisträicher den Ausbau nach weider gedriwwen, bis datt se op eng Längt vun 23 km koumen. Dës Befestegungsgäng leien dacks op verschidden Niveauen a gi bis zu 40 m déif an de Steen erof.

Nom Schleefe vun der Festung (1867-1883) sinn vun den ursprénglech 23 km Kasematten der nach 17 km erhale bliwwen. Zanter 1933 sinn d'Bock- an d'Péitruss-Kasematte fir Touristevisitten opgemaach ginn.

Bock-Kasematten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kasematten um Bock si 1745 vun den éisträicheschen Ingenieure ugeluecht ginn.

An d'Bock-Kasematte kënnt een duerch en Accès deen am ieweschten Deel vum Clausener Bierg, Um Bock, läit. D'Kasematten sinn an de Joren 2008 - 2009 an d'Rei gesat ginn.

Nodeems d'Kasematte wärend der Covid-Pandemie zou waren, hunn déi staatlech a kommunal Servicer dovu profitéiert fir d'Sécherheetsnormen op den neiste Stand ze setzen[1].

Nodeems den 9. Juni déi offiziell Reouverture war, sinn d'Bock-Kasematten zanter dem 14. Juni 2023 nees fir de Public op[2].

Péitruss-Kasematten[änneren | Quelltext änneren]

D'Péitruss-Kasematten waren zanter 2015 net méi fir Visitten zougänglech. Am September 2017 sinn d'Renovatiounsaarbechten ugaangen, déi fir d'Saison 2018 ofgeschloss sollte sinn[3]. Schlussendlech si s'awer eréischt de 5. Juni 2022 nees opgaangen[4].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Péitruss-Kasematten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thewes, Guy, 2008. D'Kasematten. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 167-172. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1944-1951. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. 3 Bänn. Lëtzebuerg.
  • Jérôme Konen an anerer, 2013: Kasematten: Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg, 224 S., ISBN 978-9-99598-200-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kasematte vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Casemates du Bock: La première attraction de Luxembourg reste fermée aux touristes!. 5minutes.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-02.
  2. (fr)Casemates du Bock | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-13.
  3. Petruss-Kasematten - Galerien bald wieder zugänglich, op wort.lu den 20. September 2017
  4. En avant-première: Découvrez les "nouvelles" casemates de la Pétrusse. 5minutes.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-02.