Kasemattentheater

Vu Wikipedia
Centre grand-ducal d'art dramatique
Kasemattentheater
Grënnungsdatum 11.12.1964
Sëtz 14, Rue du Puits
L-2355 Lëtzebuerg
Websäit https://www.kasemattentheater.lu


De Kasemattentheater (fr.: Théâtre des casemates)[1] ass e lëtzebuergeschen Theater-Ensembel.

E gouf den 11. Dezember 1964 als Centre grand-ducal d'art dramatique asbl vum Tun Deutsch gegrënnt, dee wollt avantgardisteschen Theater fir en neie Public opféieren, an de Schauspiller-Beruff opzewäerten. 1965 gouf e Summerfestival an de Kasematten um Bock organiséiert, wou La leçon a La jeune fille à marier vum Eugène Ionesco opgefouert goufen.

Vun do u gouf nach just vu Kasemattentheater geschwat, soudatt dësen Numm dee vum Centre grand-ducal d'art dramatique ersat huet.

1991 ass de Kasemattentheater am alen Tramsschapp um Lampertsbierg ënnerkomm, wou e bis 1997 gespillt huet.

Am Mäerz 1998 huet de Kasemattentheater vun der Stad Lëtzebuerg eng Lagerhal zu Bouneweg iwwerlooss kritt, wou e sech fir zerguttst ariichte konnt. De Sall gouf nom Tun Deutsch genannt, deen 1977 stënterlech gestuerwe war. E gouf ee Joer drop mat der Opféierung vum Dario Fo sengem Kinder, Küche, Kirche ageweit.[2]

De Kasemattentheater ass Member vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Limpach, Germaine Goetzinger a Lex Weyer; (Red. a Koord.): 50 Jahre Kasemattentheater: 1964 - 2014. Centre Grand-Ducal d'art dramatique, 2014.
  • Limpach, Marc: 50 Jahre Kasemattentheater. Die Geburtsstunde des zeitgenössischen Theaters. Wie Tun Deutschs Bruch mit der Tradition Luxemburgs Bühnengeschehen neue Türen aufstieß.Die Warte, 15. Januar 2015, S. 7-10 (1. Deel), 22. Januar 2015, S. 11-12 (2. Deel).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nummer F6042
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2008-04-06. Gekuckt de(n) 2008-08-21.