Kaspescht Mier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Kaspescht Mier op engem Satellittebild

D'Kaspescht Mier (Farsi: دریای خزر/دریای مازندران, Azeri: Xəzər dənizi, Russesch: Каспийское море) ass, mat enger Fläch vun 386.400 km², dee gréisste Séi vun der Äerd. Wéinst senger Gréisst gëtt e "Mier" genannt.

D'Kaspescht Mier läit a West-Asien an um Bord vun Osteuropa an der grousser Aralo-Kaspescher Nidderung. Et huet keen direkten Zougank zu den Ozeanen.

Am Norden grenzt et u Russland (ca. 960 km Küst) a Kasachstan (1894 km Küst), am Süden un den Iran (750 km Küst), am Westen un Aserbaidschan (ca. 800 km Küst) an am Osten un Turkmenistan (1768 km).

Et ass vun Norden no Süden 1200 km laang a vu Westen no Osten 435 km (300 km an der Moyenne). Déi nërdlech Hallschecht asss am Duerchschnëtt just 6 m déif, an der südlecher ass déi déifste Plaz 995 m. D'Surface vum Mier läit 28 Meter ënner RU.

Am Mier leien eng Rëstsch Inselen, wouvunner der just e puer bewunnt sinn. Déi virun der aserbaidschanescher Côte (z. B. d'Bulla-Insel an d'Pirallahı-Insel) si wichteg wéist dem Pëtrol, deen do am Buedem ze fannen ass.

Am 20. Jahrhundert tëscht den 1930er an den 1980er Joren, ass den Niveau vum Séi (alt bis zu 16 cm am Joer) an doduerch d'Fläch staark zréckgaangen, wat virun allem dorop zréckzeféiere war, datt aus den Haaptflëss, déi dra lafen - d'Wolga, den Ural an d'Kura - zevill Waasser ofgewzeigt gouf, fir ze nätzen.

Tëscht 1978 an 1994 ass den Niveau mat 14 cm bis 40 cm am Joer nees eropgaangen, wat mat verstäerkte geologeschen Aktivitéiten um Buedem vum Kaspesche Mier explizéiert gëtt.

Am Norden, wou déi zwéin Haaptzouflëss eralafen, ass de Salzgehalt niddreg; wat ee méi no Süde geet, geet en an d'Luucht (bis zu 30% an der Kara-Bogas-Bucht (Kara-Bogas-Gol) an Turkmenistan.

Fauna [änneren]

Am Kaspesche Mier lieft de Stör, vun deem de Kaviar gewonne gëtt. Ausserdeem ginn et eng jett z.D. endemesch Kaarpenaarten. D'Kaspesch Robb ass eng endemesch Robbenaart.

Flëss, déi dra lafen [änneren]

(Déi gréisst, alphabetesch zortéiert):

Häfen a Stied [änneren]

Commons: Kaspescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien