Katastrophen duerch Atomkraaftwierker

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Vun alle Katastrophen duerch Atomkraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schlëmmst Follgen an huet déi meescht Affer gefuerdert. Déi däitsch Wikipedia huet eng Lëscht mat 123 Katastrophen duerch Atomkraaftwierker, déi tëscht 1945 an 2000 passéiert sinn, opgestallt. Si begräift all Accidenter duerch Atomstralen, mat Ausnam vun de Katastrophen duerch de bewossten Asaz vun Atomwaffen, wéi zu Hiroshima an Nagasaki.

Hei sinn, chronologesch opgezielt, déi schlëmmsten Accidenter duerch Atomkraaft:

1961[änneren | Quelltext änneren]

  • 4. Juli – Beim sowjeteschen U-Boot K-19, engem Boot vun der Hotel-Klass, fält virun der Küst vun Norwegen d'Reakterkillsystem aus. Doduerch ginn d'Besatzung, Deeler vum U-Boot an déi ballistesch Rakéiten u Bord kontaminéiert. E puer Persoune stierwen. D'Temperatur vum Reakter klëmmt op 800 °C, bal genuch fir Brennstief schmëlzen ze loossen. Der Besatzung geléngt et, duerch Noutfallprozeduren d'Kontroll iwwer d'Hëtzt erëm hierzestellen an un d'Küst ze kommen.
  • 13. Oktober – Barentsséi: Um sowjeteschen U-Boot K-8, engem Boot vun der November-Klass, explodéiert een Dampgenerater. 13 Besatzungsmembere stierwen duerch d'Stralungen. D'Boot dréit ëm a kënnt zeréck op säi Stützpunkt.
  • 10. Dezember – Bei enger ënnerierdescher Test-Explosioun ginn onerwaart Wolleke vu radioaktivem Damp fräigesat; e puer Highways an New Mexico musse gespaart ginn.

1963[änneren | Quelltext änneren]

  • 10. Abrëll – D'Atom-U-Boot USS Thresher (SSN-593) geet am Laf vun engem Test um Mier ëstlech vu Boston (Massachusetts) mat 129 Besatzungsmemberen ënner. De Reakter ass mat ënnergaangen a gouf ni recuperéiert.
  • 10. Abrëll Nordatlantik – Beim sowjeteschen U-Boot K-19, engem Boot vun der Hotel-Klass kënnt et zu engem Leck am Reakterkillsystem, wourophin 8 Besatzungsmemberen duerch d'Stralungsawierkunge stierwen an d'Boot ofgeschleeft muss ginn.
  • Mee – Zu Mandan (North Dakota) gëtt déi héchst an den USA jee gemoosse Konzentratioun (Stand 2003) vun 90Strontium an der Mëllech entdeckt, warscheinlech verursaacht duerch de streng geheimen Hanford Laboratoire.

1966[änneren | Quelltext änneren]

  • 17. Januar – Bei Palomares (Spuenien) kollidéiert op enger Héicht vun 9.000 m en amerikanesche Laangstrecke-Bommefliger vum Typ B-52 Stratofortress mat engem Tankfliger vum Typ KC-135 Stratotanker vun der US Air Force. Déi zwéi Fligeren explodéieren, aacht vun den eelef Besatzungsmemberë vun den zwéi Fligere stierwen an déi véier Waasserstoffbomme vun der B-52 falen an der Noperschaft vum südspueneschen Duerf Palomares erof. D'Sécherheetsdispositioune verhënneren zwar eng thermonuklear Explosioun, mä déi héichexplosiv Sprengladungen détonéieren an zwou vun de Bommen. Méi wéi honnert Hektar Agrarland ginn duerch radioaktiv Partikele kontaminéiert. Grouss Quantitéite Plutonium goufe fräigesat an d'Tomaten, déi do wuessen hu missen ënnergeschäert oder zerstéiert ginn. Zanter 2004 hu rezent Studien nogewisen datt méi Plutonium fräigesat gi war wéi am Ufank ugeholl gouf, an datt zousätzlech Décontaminatiounsmoossnamen noutwendeg sinn.
  • SeptemberPlutoniumfeier zu Livermore.
  • 5. Oktober – Opgrond vun enger falscher Funktioun vum Natrium-Killsystem am Enrico Fermi demonstration nuclear breeder reactor um Uwänner vum Erieséi bei Monroe (Michigan) kënnt et zum Ufank vun enger Kärfusioun. Bausse vum Opfangsbehälter goufen allerdéngs keng zousätzlech Strale fräigesat. Mä de Virfall huet zu heftegen Diskussiounen iwwer d'Sécherheet vun den Atomreaktere gefouert.
  • Wanter 19661967 (Datum net bekannt) – Dat éischt duerch een Atomreakter ugedriwwent sowjetescht Schëff, den Äisbriecher Lenin, huet een Accident (Ufank vun enger Kärfusioun) an 30 Besatzungsmembere sollen dobäi ëmkomm sinn. Bis 1970 gouf d'Schëff ausser Déngscht gesat an du mat zwéin neie Reakteren erëm an den Déngscht geholl.

1968[änneren | Quelltext änneren]

  • 22. Januar – Eelef Kilometer südlech vun der Thule Air Force Base a Grönland brécht e Feier an engem B-52 Bommefliger aus. Iwwer deem datt en eroffält, verléiert en dräi Waasserstoffbommen iwwer dem Land, eng fält an d'Mier. D'Dänen, deene Grönland gehéiert an dat Atomwaffen op sengem Territoire verbitt, hunn empfindlech reagéiert an et goufen Demonstratiounen. Wéi et schéngt, läit déi 4. Bomm nach ëmmer um Grond vum Mier.
  • 8. Mäerz – E sowjetescht U-Boot vun der Golf-Klass geet ronn 1.200 km nordwestlech vun der Insel Oahu (Hawaii) ënner a läit an enger Déift vu 5.900 m. 97 Matrouse koumen dobäi ëm. U Bord sinn dräi nuklear ballistesch Rakéiten. Deeler vum Boot goufen 1974 vun den USA recuperéiert.
  • 21. Mee – Dat atomart U-Boot USS Scorpion (SSN-589) geet mat zwéin Torpedoe mat Atomsprengkäpp an 99 Matrousen ënner. Dat nukleaart Material konnt net séchergestallt ginn. De Site gëtt elo fotografesch iwwerwaacht. Wéi et schéngt, ass bis elo kee Plutonium ausgetratt.

1979[änneren | Quelltext änneren]

  • 28. Mäerz – An der Atomzentral vu Three Mile Island bei Harrisburgh (Pennsylvania) fält d'Killung vum Reakter aus, an et kënnt zu enger partieller Kärfusioun, wouduerch radioaktiv Gase fräigesat ginn. Deen Accident ass de schroosten, dee bis elo bei engem kommerzielle Reakter an den USA passéiert ass.

1985[änneren | Quelltext änneren]

  • 10. August – Bei Wladiwostok geréit de Reakter vun engem sowjetesche Viktor I U-Boot an e kriteschen Zoustand; en héije Stralungspegel gëtt erreecht; zéng Persoune kommen ëm.

1986[änneren | Quelltext änneren]

1989[änneren | Quelltext änneren]

  • 7. Abrëll – U Bord vum sowjeteschen U-Boot Komsomolets brécht ongeféier 480 km virun der Küst vun Norwegen e Feier aus. 27 Besatzungsmemberen entkommen, 42 stierwen, wéi d'Schëff mat zwéin nuklearequipéierten Torpedoen a mat dem Reakter ënnergeet.

1998[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Recyclings-Entreprise, Acerinox zu Cádiz (Spuenien) aktivéiert, ouni et ze wëssen, beim Aschmëlze vu Schrott eng radioaktiv Stralequell. Eng radioaktiv Wollek breet sech bis an d'Schwäiz aus.

2011[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]