Kategorie Diskussioun:Archeologesch Plazen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut!

Hei muss onbedéngt Uerdnung geschaf ginn! 't ka jo net sinn, datt de Begrëff "Villa" ënner G, R an S gesicht muss ginn. Oder "Theater" ënner G; an "Thermen" ënner M...

"Mosaik" muss ënner M ze fanne sinn, mat Linke no Dikrech, Iechternach, Vichten, asw. "Theater" muss ënner T ze fanne sinn, mat engem Link Richtung Duelem "Thermen" muss ënner T stoe kommen, mat Linke Richtung Duelem, Mamer-Tossebierg, asw. (alphabetesch, awer!) "Villa" muss ënner V stoe kommen, mat Linke no Bartréng (Burmicht), Giewel, Iechternach, Miersch, Suessem, Walfer (Helmséng), asw.

Vill Courage fir d'Correcteuren! Äddi a bis geschwënn, R.D.

Jo Här Direkter. D'Mataarbechter vu Wikipedia si frou datt sech endlech ee Fräiwellege fonnt huet deen hinne seet wat se maache mussen. Eise Respekt gëtt ëmmer méi grouss.
Fir all déi aner Mataarbechter gëlt nach ëmmer déi al Regel:
Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Do fillt een sech getrëppelt a vernennt mech "Direkter"... Mee ech hätt gäre selwer eng nei, strikt alphabetesch Lëscht fabrizéiert ...wann dat dann och méiglech wier!!! D'Wikipedia ass angeblech eng fräi Enzyklopedie, mee et muss een ëmmer nees feststellen, datt verschidde Säiten gespaart oder net fir jiddereen zougänglech sinn. Lo ginn ech sécher zum Vandal dégradéiert... E schéinen Dag awer! R.D.

Gudde Moien R.D.
1) Ech gleewe kaum datt ee sech getrëppelt fillt. Et gouf just net déi richteg Tounlag bei der Bemierkung gebraucht. Et musss nämlech keen eppes hei maachen. D'Wikipedia ass just vum gudde Wëlle vu senge Mataarbechter ofhängeg. Där stinn der natierlech e puer (awer och net onbegrenzt) zur Verfügung.
2) Just zur Informatioun: Op enger Kategorie-Säit selwer kann een näischt an der Lëscht ännere goen. D'Artikele kommen automatesch dohinner stoen wann een am Artikel déi Kategorie ugëtt. D'Sënneren ass eng aner Saach. Déi geschitt entweder doduerch datt een iwwer de Kategorien an der Artikelssäit mam Lemma "Claude Weber" z.B. entweder{{DEFAULTSORT:Weber Claude}} asetzt. Da gëtt deen Artikel an der Kategorie ënner "Weber" klasséiert (an net ënner "Claude"). Et kann een dat och maachen andeems een z.B an der Kategorienzeil [[Kategorie:Moler|Weber Claude]] schreift. Dat mécht de selwechten Effet.
3) Déi Sënnerei gouf an der Tëschenzäit an dëser Kategorie geännert.
4) Et war och keng vun deene betraffene Säite gespaart (och net deelweis).
5) Säiten déi ganz gespaart sinn, si relativ rar, et si meeschtens och nëmme Systemsäiten déi nëmme kënne vun engem Admin geännert ginn.
6) Säiten déi deelweis gespaart sinn, d.h. fir Benotzer déi nëmmen ënner IP ënnerwee sinn oder nach net laang genuch e Benotzernumm hunn, goufen och nëmme just gespart well se entweder wéinst der kriddleger Situatioun vum Artikel (heefege Vandalismus, meeschtens duerch Topereien) net fir all Komiker (duuss ausgedréckt) sollen zougänglech sinn.
7) Dir krut ewell bis elo nach bal all Kéiers ënner där IP-Adress wou Dir aktiv waart Moie gesot. Op där Begréissungssäit sinn en etlech Linken opgefouert déi op Informatiounen wéi ee ka matschaffen, an och iwwer déi Saachen déi ech elo hei uewendriwwer ogefouert hunn, hiweisen.
8) Zum Benotzernumm: Dir musst Iech natierlech keen zouleeën. Wann der keen hutt, kënnt der natierlech och net vun den Avantage profitéieren déi dermat verbonne sinn. (Doriwwer sollt Dir Iech dann och net bekloen, et ass jo Är Decisioun) Ausserdem ass d'Kommunikatioun mat den anere Benotzer net sou dynamesch ouni Benotzernumm.
--Les Meloures 11:55, 25. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Ouni weider Gediskutéiers untrëppelen ze wëllen: Ech hunn et scho 'logesch' fonnt, datt an enger Kategorie "Archeologesch Plazen" d'Artikelen no den Uertschaften vun de Plazen, an net no deem, wat do ass (Ruin, Mosiak, etc), gesënnrt ginn... --Zinneke 12:14, 25. Aug. 2011 (UTC) PS A Merci un de Les Meloures fir d'Explicatiounen.[äntweren]

Wéi den Zinneke sot, ass et logesch datt an der Kategorie:Archeologesch Plazen zu Lëtzebuerg d'Artikele no der Plaz wou se sinn an net no deem wat do steet klasséiert sinn. Menger Meenung no soll dat nees zréckgesat ginn. Dodernierft kann et jo och Kategorie ginn ewéi Réimesch Villaen zu Lëtzebuerg, asw. --Cayambe 14:16, 25. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Merci fir d'Informatiounen. Wat elo d'Lëscht selwer ubelaangt, do mengen ech, datt een effektiv sollt eng Lëscht opstelle, mat alle Lokalitéiten, wou eppes Fonnt ginn ass. Mee eng zweet Lëscht, mat Linken zu de betraffene Plazen, sollt och onbedéngt fir d'Objet'en, déi fonnt gi sinn (Bijoux'en, Cernunnos, Epona, Jupiter, Mars, [Reider-]Mask, Merkur, Minerva, Mosaik, "murus gallicus", Raschpëtzer, Situlus, Stamnos, Theater, Villa, Vitis, Waffen, asw.), opgestallt ginn. Den Theater vun Duelem sicht een dann ënner Duelem oder ënner Theater. Ënner Réimeschen Theater geet kee kucken... Méi wollt ech net gesot hunn. Ech géing d'Lëschten och maachen, wann dat net esou komplizéiert wier... E schéine gudden Owend nach, R.D.

Ech mengen hei gi Saachen duerchernee gehäit. Eng Kategorie ass keng Lëscht. Fir d'Lëscht soll ee vläicht einfach an der Lëscht kucken. Do kann ee bäiflécken a sënnere wéi ee well, Tableaue maachen, Biller derbäisetzen a.s.w. Wa gären een eng zweet Lëscht mécht, da kann en dat roueg maachen. An deem Fall hätte mer der dräi, well ech mengen et gëtt nach eng, déi menger Meenung zwar just en Doublon ass. Wann ee sech géif Zäit huelen a richteg an der Kategorie kucken da géif een dat och vläicht erausfannen. --Les Meloures 18:26, 25. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]