Kategorie Diskussioun:Italien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wéi solle mer eis Stied mat Kategorien andecken? Wéi dat heiten: Land X - Stad (Land X) - Haaptstad ? Oder hu mer net besser, an den Artikelen iwwert Stied d'Referenz op d'Kategorie Land X ewechzeloossen, well een an déi souwisou iwwert Stad (Land X) ka kommen, a bäi ville Stied (ech denken do ganz speziell u Russland) fënnt een duerno déi Artikelen net méi erëm, déi eenzeg an eleng ënnert der Kategorie Land X sinn? Ech tendéieren zu deer zweeter Léisung, well dat déi pragmateschst ass. Mee ech wollt awer och nach aner Klacke lauden héieren, net datt ech hei duerch Eegemächtegkeeten déif duerchduechte Konzepter futti maachen. Otets 02:04, 11 Mäe 2005 (UTC)

Eigentlech sollen d'Artikelen zu Stied effektif an der Kat. Stad (Land X) stoen, an eventuell Haaptstad wann daat zoutrëfft. Datt Roum nach an der Kat "Italien" stung, läit dodrunner datt den Artikel zimmlech al ass, a virun der Opsetzung vun der Kat. Stad (Land X) gemaach gouf. :-) --Briséisβρισεισ 08:12, 11 Mäe 2005 (UTC)