Kategorie Diskussioun:LGBT

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Si mer elo bei den Englänner. ? --Les Meloures (Diskussioun) 17:04, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Duet ech mer och, mee d'de-wiki huet dat esouguer als Lemma. Kennen déi Zeen awer net a kann näischt dozou bäidroen. --Otets 17:10, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Wann et net méi op Lëtzebuergesch geet da pake mer besser an oder schreiwe léiwer näischt. (mengen ech emol) --Les Meloures (Diskussioun) 17:20, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Änner et wéi s de wëlls, mär ass dee Sujet relativ egal, du hues fräi Hänn. Just hunn déi grouss aner Wikien och all "LGBT" als Kategorie (ausser de Finnen). Innovativ wier natierlech eng Kategorie "Alles mee just net Hetero" ;-) --Otets 10:47, 10. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn näischt géint d'Kategorie u sech, mä den engleschen Text dee bäigefléckt gouf hunn ech net besonnesch extra fonnt. Souwisou fannen ech deen Txt oder déi Schabloun komplett iwwerflësseg, well mol éischtens ass et weltbekannt firwat Kategorien do sinn, an zweetens blaméiere ons wa mer driwwer schreiwen, datt do all Artikel drastéing, wat manifestement net iwwerall de Fall ass, wéi mer elo nach bei de Justizministere gesinn hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:36, 10. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
LGBT ass e bekannten Standartausdrock, deen an esougutt wéi alle Sprooche benotzt gëtt (och wann en u sech aus dem englesche kënnt). Et war mir net bewosst, dat et Leit ginn, déi en net kennen, ech schreiwen duerfir einfach emol en Artikel dozou. --Bdx (Diskussioun) 14:03, 10. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci fir den Artikel! --Otets 15:27, 10. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann ech mech richteg entsënnen da kënnt d'Schabloun vun där selwer! ;-) De Sënn ass éischter do, fir den Haaptartikel besonnesch ervirzehiewen, oder heiansdo alt och fir z'erkläre wat an d'Kategorie dragehéiert oder en Erklärungswuert bäizeflécken. Bei LGBT passt d'Schabloun also op alle Fall! Mer schreiwe jo och net, datt do all Artikel drasteet deen et kéint oder misst ginn, mee ebe just déi Artikelen déi et am Ablack effektiv ginn. --Otets 15:27, 10. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]