Kategorie Diskussioun:Muséeën

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ee Musée, méi Muséeën (jo, mat 3 'e') - och an Däitschland.

Léiwen Onbekannten :-)) Du hues natierlech onheemlech Recht. Mee ech si mer mol am gaang Gedanken ze maachen, wéi mer dat alles solle nennen. Eigentlech kéinte mer Muséesinsel huelen, dat kann awer geféierlelch ginn. Dat gëtt zimmlech quokeleg, ob mer alle "Saachen" hiren déitschen Numm solle loossen oder net. "Bode-Musée" "Bodemuseum", "Bodemuseum". Ech fäerten, datt mer eng Kéier iwwer eis Féiss kéinte fale mat enger vun de "Léisungen". "One .. to name them all" --Cornischong 09:40, 29 Jun 2005 (UTC)

Jo, ech hunn mir och schon iwwerluegt wéi een et kinnt machen. Natiirlech sinn ech emmer dofir fir alles op Lëtz. ze maachen. Mä sollt een dann och all Numm iwwersetzen? --Alexandra 09:43, 29 Jun 2005 (UTC)

nimm a lieu-diten: iwwersat oder net?[Quelltext änneren]

Zali,

Ech war deen "Onbekannten", mäi Login flitt ëmmer neess eraus;-).

Déi Fro hat ech mer och des Lescht bei der "Grousser (Maart-)Plaz vu Bréissel" gestallt. Ech giff ofroden -och wann et "méi schéi" kléngt-, Nimm vu Gebaier, Plazen, 'Lieu-ditë' wëllen "zwangs"-z'iwwersetzen, wann dës Nimm nët zu Lëtzebuerg geleefeg sinn (wéi zB d'Péitersplaz zu Roum: dat kennt jiddereen éischter ewéi "Piazza San Pietro").

Bei "Museumsinsel", "Bode-Museum" asw. handelt et sech em Berliner Nimm, déi ech sou giff loossen, esou wéi ech mäin Artikel dann och "Grand-Place (Bréissel)" genannt hat. "Berliner Doum" ass ok, dat ass den Doum vu Berlin (an nët den Numm vun deem Gebai). An dass "Ënnert de Lannen" zimmlech onméiglech wier, muss ech net extra soen.

Grenzfäll wiere Combinatiounen tëschent Numm an allgemenger Bezeechnung (ewéi den "Tuerm vu Belém": hei gesinn ech nëmme Redirecten als Léisung...

--Zinneke 10:25, 29 Jun 2005 (UTC)

(Mär kennen eis Onbekannt:-) )Alles kloer. Keng forcéiert Iwwersetzung. --Cornischong 10:31, 29 Jun 2005 (UTC)

Ech hunn ëmmer op der fr-wiki an der en-wiki gekuckt, op déi esou eppes iwwersat hunn oder net, fir erauszefannen op et elo en Numm (z.B. Grand-Place) oder just eng Beschreiwung (z.B d'Schlass X) ass. --Otets ♣ 11:35, 29 Jun 2005 (UTC)

Ech giff dem Zinneke séng Léisung och am beschten fannen --Alexandra 07:44, 30 Jun 2005 (UTC)