Kategorie Diskussioun:Rechtsgeschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Virwat da "Rechtsgeschicht"? Studéiert een anstännege Lëtzebuerger "Recht" (oder "Jura")??? Hie studéiert "droit", an normalerweis a Frankräich oder an der Belsch, well eisen Droit nun emol mam réimeschen Droit a mam Code Napoléon zesummenhänkt. Fort mat deem "Recht", oder ech ruffen d'Feierwier! Mett [4. Aug. 2010, 09:35:53 IP:188.115.19.189]]

Kuck DFL Säit 184 91.180.140.89 07:49, 4. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Wat sinn dat kabeszeg Logiken, an zu Lëtzebuerg rifft een d'Pompjeeën an net d'Feierwier. En plus, firwat soll en anstännege Lëtzebuerger Recht studéeieren. A wann en Droit studéiert gëtt et op Lëtzebuergesch grouss geschriwwen. A firwat reegs de dech op, et gëtt dach genuch Zensoren a Chefredakteren op der Wikipedia déi sech sollen dorëms këmmeren. [4. Aug. 2010, 09:49:35 IP:91.180.140.89]

Vu wegen Droit an Ondroit[Quelltext änneren]

Mol gudde Moien, der léif IPen a Metten,
Sou seet een zu Lëtzebuerg, an op der Wikipedia wann ee sech un aner Benotzer adresséiert. Mä vläicht wier en Artikel iwwer Héiflechkeet net schlecht.
Just e puer Bespiller iwwer Recht,
  • Hien ass a sengem Recht
  • Mengs de, du häss Recht?
  • Vu Rechts wegen
  • Sech op säi Recht behaapten.
  • Et gëtt Leit déi froen en Asylrecht a keen Asyldroit
  • An da gëtt et nach Mënscherechter
Doriwwer eraus passt kabeszeg Logik net zesummen. Et ass entweder Kabes oder et ass logesch.
Dann nach eppes där léif IPen oder soss Onbekannter,
Datt Gebraddels iwwer Chefredakteren an Zensoren dat elo zënter e puer Deeg am Ëmlaf ass, kënnt der Iech roueg spueren. Et gëtt op der Wikipedia nëmme gläichberechtegt Benotzer. Datt verschiddener dovunner Administrateur oder Bürokrat sinn, huet näischt mat Chefredakter oder Zensor ze dinn. Verbessere ka jiddwereen op der Wiki.
Pierrenilles 08:26, 4. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour léiw Wikipedianer!

OK, ech gi mech geschloën. Beim Wuert "Feierwier" huet een d'Ironie nët matkritt... D'Diskussioun muss wuel mat méi einfache Mëttel geféiert ginn. Den Ënnerscheed "Droit" (Studiefach a Praxis) a "Recht" oder "Rechter" (am Alldag) ass och ze subtil. Eng Fro: Wa mir eng Eisebunn hunn, musse mir dann och ee "Bunnhaff" hunn? Neen, do soë mer "Gare". Genau sou verhält ët sech mam "Droit".

Wat elo d'Administrateuren an aner Leit ugeet, just dat heiten: Kontroll muss sinn, a verbessert muss och ginn, wa Saache geschriwwe ginn, déi evident falsch sinn oder nët nuancéiert genuch. Verschidden Interventioune schénge mir awer carrément abusiv zë sinn, dacks genuch fannen se scho WÄHREND der eegener Kontributioun statt. Ass dat néideg? Ween ass da mat esou enger wëssenschaftlecher Autoritéit ausgerüst, datt e ka jidderengem ëmmer nees bei alles eppes virmaachen? Verschidden Admiën - dat gesäit een un hire Froën / Äntwerten a soss Reaktiounen - si ganz normal Mënsche mat hiire Grenzen, an dat huet näischt mat Domheet ze dinn. Ech sinn och, wéi all Mënsch, a ville Gebidder, neen, an deene allermeeschte Gebidder, absolut inkompetent. Dofir trauen ech mir och nët zou, an alle Beräicher matzëschwätzen: do, wou ech ët nët besser weess, bleiwen ech ewech. D'Fräiheet an der Wiki-Entreprise ass nët anescht ze verstoën. Ëmgedréint: do, wou een eppes weess, a wou een och Referenzen ugëtt, do wier ët nët schlecht, wann een nët scho beim Kontribuéiere géng quasi harceléiert ginn.

Salut, a Courage, de Wee ass nach laaaang, an d'Zoukunft ongewëss. Chris [7. Aug. 2010, 10:46:39 IP87.240.241.83]

Moie Chris,
Zu Iere Kloen: dacks genuch fannen se scho WÄHREND der eegener Kontributioun statt. an wann een nët scho beim Kontribuéiere géng quasi harceléiert ginn.
Ech hunn do just eng Fro: Wouhir soll en anere Benotzer wëssen datt Dir amgaang sidd un engem Artikel ze schaffen?
E ka just gesinn datt Dir eppes verbessert, derbäigeschriwwen oder g'ännert hutt, wann Dir schonns ofgespäichert hutt. Dann huet en awer nach keng Informatioun ob Dir nach wëllt weider un deem Artikel schreiwen.
Ech hunn déi Prozedur an der Lescht e puer mol erkläert, mä wéi et schéngt liest keen dat. Et geet net duer mat Reklamatiounen ze kommen, wann een d'Instrumenter déi d'Wikipedia zur Verfügung stellt net benotzt.
All IP déi hei opdaucht kritt grad esou gutt wéi all ageschriwwene Benotzer hei Moie gesot. Mä anscheinend liest keen déi Informatiounen déi an deem Text opgefouert ginn. Et ass z.B. keen amstand d'Tilde 4 mol ze drécken fir datt de Benotzer oder d'IP bei der Ännerung vun der Diskussioun mat eraus gedréckt gëtt. Dat muss dann all Kéiers vun engem anere Beotzer manuell nogeholl ginn.
Liest w.e.g. déi heiten Diskussioun. Do ass erkläert wat e muss maachen, wann een net a senger Aarbecht wëll gestéiert ginn.
D'Uleeë vun engem Benotzernumm ass och eng nëtzlech Saach, an dat grad esou gutt fir de Benotzer selwer, wéi fir déi aner Benotzer. Als ageschriwwene Benotzer hutt der Wikifunktiounen zur Verfügung déi Dir als IP net hutt. Aner Benotzer gesinn dann och wien um Artikel geschafft huet, a si wëssen dann, datt dat dee Mann oder déi Fra ass déi an deem Fach op Zack ass. Bei IPen gëtt dat nämlech ëmmer erëm a Fro gestallt. Les Meloures 09:32, 7. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour, a merci fir är Explikatiounen. Ech wäert awer nëmmen esoulaang Bäiträg liwweren, wéi ech eppes weess, respektiv d'Gefill hunn, datt ët Sënn mécht, fir matzeschaffen. D'lb:wikipedia huet jo sécher Honnerte vu qualifizéierte Mataarbechter an alle Beräicher, oder? Also leeën ech mer keen Numm un, wéi "Cucumber" oder "Buuschtegt Véidéier", well ech verschwannen dach bal aus dëser Entreprise. Wann der elo nach esou léiw wiert, fir mer ze soën, ob nët dach "Geschicht vum Droit" a "Philosophie vum Droit" besser géinge kléngen, ewéi "Rechtsgeschicht" a "Rechtsphilosophie"... Merci am Viraus, Chris