Kathedral Notre-Dame (Lëtzebuerg)
| Kathedral Notre-Dame | |
| Uertschaft | |
| Par | Lëtzebuerg (Kathedral) |
| Numm / Patréiner | Notre-Dame |
| Konsekratiounsjoer | 1621 |
| Parverband | Lëtzebuerg-Notre-Dame |
| Architekt(en) | Jean du Blocq |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Kathedral Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert. Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a vum Parverband Lëtzebuerg Notre-Dame.
D'Kathedral huet zwéin Agäng: en alen Agank (1621) an der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an e méi neien (1938) um Parvis laanscht de Boulevard Roosevelt.
D'Kathedral prägt d'Stadbild mat hiren dräi spatzen Tierm.
D'Kierch gouf tëschent 1613 a 1621 vun de Jesuiten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vu 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut.
Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch 1848. Zur Kathedral gouf si 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.
Zënter 1794, dem Joer wou eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis heihinner bruecht gouf, ass d'Kierch vum 3. bis de 5. Sonndeg no Ouschteren d'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav.
An der Krypta vun der Kathedral sinn eng Kapell mat de Griewer vun de Bëschofe vu Lëtzebuerg an e Raum mat de Griewer an den Urne vun der groussherzoglecher Famill. An der Entrée vun der Krypta steet de Sarkophage vum Jang dem Blannen.
Zënter 1778 ass d'Gebai am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg. De Mobilier gehéiert dem Bistum Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Jesuiten aus der Belsch, déi deemools genee wéi Lëtzebuerg zum Territoire vun de Spueneschen Nidderlande gezielt huet, hunn 1603 e Kolléisch an der Stad opgemaach, wou bis 1773 d'Majoritéit vun de jonke Lëtzebuerger geléiert huet.
Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënnert dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënnert him goufen ënner anerem d'Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D'Jesuitekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weihbëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit.
Artistesch huet virun allem den däitsche Skulpteur Daniel Muller († 1623) vu Freiberg (Sachsen) vill zum Ausgesi vun der Kathedral bäigedroen, sou zum Beispill d'Uergeltribün. Den Dekor aus Alabaster, d'Lieblingsmaterial vun der nidderlännescher Renaissanceskulptur, stellt fréibarock Engelen duer, déi tëschent Blieder- a Blummendekoratioune musizéieren. Op de "Jaspisseile" gesäit ee grotesk Masken a Fratzegesiichter.
Nodeems d'Jesuiten 1773 d'Stad verlooss haten, huet d'Keeserin Maria Theresia vun Éisträich d'Kierch der Stad Lëtzebuerg am Joer 1778 iwwerginn, fir zur neier Parkierch ënnert dem neien Numm Saint Nicolas et Sainte Thérèse ze ginn. Dat huet sech gutt gemaach, well zu deem Zäitpunkt déi deemoleg Parkierch, d'Nikloskierch um Krautmaart ze kleng a baufälleg war an 1779 ofgerappt gouf. Aus deem Grond steet zënterhier och eng Statu vum Hl. Niklos iwwert dem Haaptportal an der Ënneschtgaass.
Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch den 31. Mäerz 1848 duerch den apostolesche Vicaire Jean-Théodore Laurent. Säin Nofolger, den Nicolas Adames, huet vun 1854 un de barocke Banneraum an engem neogotesche Stil nei maache gelooss. Nodeems Lëtzebuerg duerch de Poopst Pius IX. de 27. Juni 1870 zu engem autonome Bistum erhuewe gi war, gouf aus der Kierch Notre-Dame eng Kathedral Notre-Dame.
Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d'Gebai misse vergréissert ginn, wat an de Joren 1935 bis 1938 no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher geschitt ass, dee vill mam Léon Lommel vum Séminaire zesumme geschafft huet[1]. De Chouer gouf 1963 nei amenagéiert, fir sech den neie liturgesche Konventioune vum zweete vatikanesche Konzil unzepassen. Den 8. Dezember 1963 huet de Bëschof Léon Lommel d'Kathedral och feierlech konsekréiert.Dës Konsekratioun war duerch de Bëschofswiessel 1936 an duerch Krichsjoeren 1940-1945 ëmmer erëm op besser Zäiten verréckelt ginn.
Déi lescht Restauratioun vun der Kathedral gouf vun der Stad Lëtzebuerg an de Joren 1977 an 1978, an duerno vun 2000 un an Optrag ginn. Renovéiert goufe vun 2000 u fir d'éischt d'Kierchefënsteren, d'Virplaz, de Portal an d'Fassad mat de Skulpturen an der Ënneschtgaass (2000-2007), an duerno, vum Hierscht 2009 un, d'Fassad am Bannenhaff mat der Nationalbibliothéik, an och den Ost- an de Mëtteltuerm. D'Aarbechte sollen 2011 ofgeschloss sinn.[2]
D'Tierm [änneren]
D'Kathedral huet dräi Tierm, de Westtuerm, dee schonns den Tuerm vun der Jesuitekierch war an an deem d'Klacken hänken, den Osttuerm, an e Mëtteltuerm deen iwwer dem Queeschschëff steet.
Wéi d'Kathedral tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf, koumen den Osttuerm, an de Mëtteltuerm derbäi. De Mëtteltuerm, dee knapps een Drëttel vun der Héicht vun de groussen Tierm huet, besteet aus enger breeder, pyramidefërmeg Basis an enger schmueler, mat Koffer gedeckter Spëtzt. Den Daach selwer gëtt vun engem Stolgerëscht gedroen, dat aus PN20 Trägere vun ARBED-BELVAL zesummegesat ass.
Op Karfreideg, de 5. Abrëll 1985 gouf an der Mëttesstonn duerch eng Onopmierksamkeet bei Daachaarbechten de West-Tuerm vun der Kathedral a Brand gestach. D'Klacke vum Klackespill, Muttergottesklack, Willibrordsklack, Péiteschklack, a Kunigundeklack goufe beim Brand zerstéiert. Wéi den Tuerm zesummegefall ass gouf och den Daach vum mëttelste Schëff plazeweis beschiedegt. Et huet bis de 17. Oktober 1985 gedauert ier den Tuerm nees gefléckt war.
D'Geschicht vun der Kathedral ass enk mat der Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg verbonnen. Mam alen Hotel de Ville (haut de Groussherzogleche Palais) zielt d'Kierch vun de Jesuiten zu de wichtegste Gebaier vum 16. a 17. Joerhonnert.
D'Gebai [änneren]
Vu baussen [änneren]
Vu bannen [änneren]
D'Kathedral ass am Stil vun der Spéithollännescher Renaissance dekoréiert. Déi fënnef Sailen op all Säit hale mat engem doresche Kapitell, a goufe vum Ulrich Job am Joer 1617 hirgestallt. Vill Skulpture sinn aus Alabaster, dem Material wat d'Spéithollännesch Renaissance am Léifste fir hir Wierker benotzt huet. D'Dekoratioun vun der Tribün gouf minutiéis an engem Kontrakt mam Daniel Muller den 13. November 1620 festgehalen. Hei si virun allem d'Masken an d'grotesk Gesiter bemierkenswäert.
D'Uergelen [änneren]
Doumorganist ass de Paul Breisch.
Literatur [änneren]
- Evamarie Bange, 2010. Neue Ergebnisse zur Baugeschichte der Kathedrale und des ehemaligen Jesuitenkollegs. ons stad 94: 54-57. [2]
- Simone Beck, 2009. Als der Turm der Kathedrale brannte. ons stad 90: 56-57.
- Simone Weny, 2008. D'Kathedral. La cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 191-196. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
- Michel Schmitt, 1999. Die Glasmalereien von Anton Wendling in der Kathedrale Unserer Lieben Frau Luxemburg. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg. 23 S. ISBN 3-7954-6180-4 D'Brochure ass an der Kathedral ze kréien
- Michel Schmitt, 1995. La Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg. 31 S. ISBN 3-7954-4035-1 D'Brochure ass an der Kathedral ze kréien
- Jean Engling, 1856. Die Liebfrauenkirche in Luxemburg. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal XII.
- M. Faltz, 1948. Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg. Lëtzebuerg.
- A. Steffen, 1935. Baugeschichte der Luxemburger Jesuitenkirche. Lëtzebuerg.
Medien [änneren]
- Alesch, Tom: Eng Kinnigin an der Kathedral, Dokumentarfilm, O.V. lëtzebuergesch, 26 mn, 1995
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kathedral Notre-Dame (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg (fr)
- Websäit vun der Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg
- D'Kathedral Notre-Dame op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
- D'Fënstere vun Kathedral Notre-Dame op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e.V. (de)
- D'Haaptuergel vun der Kathedral op der Websäit Orgues.lu
- Déi hënnescht Uergel vun der Kathedral op der Websäit Orgues.lu
Biller [änneren]
-
D'Kathedral vun der Neier Bréck aus gesinn (Mäerz 2010).
-
Laténgeschen Text op der Mauer am Haff mat der Nationalbibliothéik: deen éischte Stee gouf 1613 geluecht, asw. Fir eng Iwwersetzung op Englesch, Franséisch an Däitsch, cf. [1]
Referenzen [änneren]
- ↑ Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt
- ↑ Luxemburger Wort vum 23. Oktober 2010, S. 40.
|
|
|
| Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léif'frächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen |
| Belsch : | Banneux - Beauraing |
| Frankräich : | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine |
| International : | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau |
| Pilgerplaze fir Sportler : | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |