Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais
D'Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais gëllt als eent vun de Meeschterwierker vun der franséischer Gotik.
Si ass dofir bekannt, datt hiert Mëttelschëff net fäerdeggebaut gouf, an, mat 46,77 m, deen héchste gotesche Chouer vun der Welt huet.
D'Kathedral vu Beauvais gouf vun 1248 un op der Plaz vun enger romanescher Kierch gebaut, déi virdrun ofgebrannt war. D'Bauhäre wollten nach méi héich bauen, wéi déi bis dohin héchste Kathedral, déi vun Amiens.
1284 ass d'Verwëllef vum Chouer iwwer dem Bauen zesummegefall. Doropshinn goufen d'Stäiler virsiichtshalwer verduebelt. Géint 1347 waren d'Schied esou wäit behuewen, mä den Honnertjärege Krich huet d'Aarbechte roue gelooss. Eréischt 150 Joer nom Chouer, tëscht 1500 a 1548 konnt d'Queeschschëff (Transept) gebaut ginn. 1563 ass mam Bau vum mëttelsen Tuerm ugefaange ginn, deen 150 m héich war. Mee 1573, just 4 Joer, nodeems e fäerdeg gebaut war, ass en an e Koup gefall. D'Suen, mat deenen en nees opgebaut gouf, hunn du gefeelt, fir d'Mëttelschëff fäerdeg ze bauen. Sou koum et, datt dat bis haut nach net fäerdeg gouf.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cathédrale Saint-Pierre de Beauvais – Biller, Videoen oder Audiodateien |