Kathedral vu Malmedy

Vu Wikipedia
Kathedral vu Malmedy

Uertschaft / Plaz BELBEL Malmedy
Dekanat Léck
Numm / Patréiner Helleg Péiter a Pol an hl. Quirinus
Konsekratioun 5. September 1784
Baujoer 1775 - 1784 als Abteikierch
Koordinaten 50° 25’ 36.5’’ N
      06° 01’ 39.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kathedral vu Malmedy gouf als Abteikierch gebaut. De 5. September 1784 gouf se de hellege Péitrus a Pol an dem hl. Quirinus geweit. Tëscht 1920 an 1925 an der Zäit vum Gouverneur Baltia an der verschwonnener Diözees Eupen-Malmedy, ass aus der Kierch eng Kathedral ginn.

De Priedegtstull an d'Beichtstill stame vun 1770, de "Muttergottes"-Altor ass aus Marmer a staamt aus dem Joer 1773.

An der Kathedral steet de Reliquar vum hellege Quirinus. D'Klackespill ass aus dem Joer 1786 an huet 35 Klacken, déi alleguer vum Martin Legros, engem Awunner vun do, gegoss goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kathedral vu Malmedy – Biller, Videoen oder Audiodateien