Kazaky

Vu Wikipedia

Kazaky ass eng ukrainesch Männer-Danzgrupp, déi sech 2010 zesummefonnt huet an och e puer Electropop an House Lidder erausbruecht huet.

Ursprénglech bestong d'Grupp aus dem Kirill Fedorenko, dem Artur Gaspar, dem Stas Pawlow an dem Oleg Jejel. Am August 2011 huet de Pawlow hinnen awer de Réck gedréint an hie gouf vum Italieener Francesco Borgato ersat.

Apart ass, datt se meeschtens an Talleksschong danzen. Sou och an hirem Debütvideo zum Lidd "In the middle", dat den 30. September 2010 erauskoum an hinnen direkt immense Succès bruecht huet, notamment op YouTube. 2012 huet d'Madonna s'eeben och wéinst deem "gender bender"-Element erausgesicht fir an hirem Clip fir d'Lidd "Girl Gone Wild" opzetrieden[1].

Discographie - Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: In the Middle
  • 2011: Love
  • 2011: I'm Just a Dancer
  • 2012: Dance and Change
  • 2012: Stop the Network Now
  • 2012: I Can't Stop
  • 2012: Barcelona

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. International Business Times - D'Madonna rekrutéiert Männer an Talleke fir "Girl Gone Wild"