Kehlsteinhaus

Vu Wikipedia
Kehlsteinhaus
Land Däitschland
Gemeng Berchtesgaden
Koordinaten 47° 36’ 41.26’’ N
      13° 02’ 30.98’’ O
Statut klasséiert
Datum vum Bau 1938
Proprietär Bayern
D'Kehlsteinhaus

D'Kehlsteinhaus ass e Gebai dat op enger Héicht vun 1.834 m op der Spëtz vum Kehlstein bei Berchtesgaden iwwer dem Obersalzberg steet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kehlsteinhaus (och D-Haus fir Diplomatenhaus oder Tee-Haus genannt), och alt ënner dem Numm Adlerhorst bekannt, gouf vum Martin Bormann geplangt a gebaut. Et war ënner anerem fir d'Logéiere vun offizielle Gäscht geduecht, den Hitler selwer war warscheinlech net méi wéi zéngmol do, haaptsächlech wëll de Wee ze wäit war.

Hien huet awer och kritiséiert, datt de Lift net sécher géint Blëtzaschléi wier an datt et en einfacht Zil fir feindlech Bommenugrëffer wier.

Zougank[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss, déi 1938 no 13 Méint Bauzäit fäerdeg ginn ass, geet zu Hintereck fort a kënnt mat enger Serpentin op d'Héicht vu 1700 m. Do ass dann eng Parkplaz. Fir déi lescht 124 m muss een de Lift huelen, deen am Bierg eropgeet.

Entrée fir an de Lift

Notzung nom Krich[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem déi amerikanesch Besatzungsmuecht dem Fräistaat Bayern d'Gebai zeréckginn hat, sollt et gesprengt ginn. De Landkrees Berchtesgaden huet sech dogéint gestäipt a sou ass dat verhënnert ginn. De Landkrees krut d'Benotzungsrecht vun der Strooss a vum Haus. Fir d'éischt ass et un den Alpenverein verlount ginn, spéider huet de Fremdenverkehrsverband Berchtesgaden d'Gestioun iwwerholl.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Vum Kehlsteinhaus huet een ee groussaartegt Panorama iwwer d'Berchtesgadener Alpen. Vum Héije Göll mat senger Westwand kann een iwwer de Kinnekséi, de Watzmann, den Hochkalter, den Untersberg bis op Salzburg gesinn. Am Gaart iwwer dem Kehlsteinhaus fënnt een d'Alpeflora op Tafelen erkläert.

Vu vum Hohen Göll op d'Mannlgrat an de Kehlstein

Zu Fouss kënnt een dohin[änneren | Quelltext änneren]

  • Vum Parking Berlerkaser op der Roßfeldhöhenringstraße (liicht Wanderung, zirka 2 Stonnen)
  • Vum Parking Sonneck bei der Biergstatioun vun der Obersalzbergbahn (liicht Wanderung, zirka 2½ Stonnen)
  • Vun der Scharitzkehlalm iwwer d'Endstal
  • Vum Purtscheller Haus oder dem Carl-von-Stahl-Haus iwwer de Mannlgrat (nëmme mat Kloterausrëschtung)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kehlsteinhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien