Kenneth Essex Edgeworth

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Kenneth Essex Edgeworth, gebuer de 26. Februar 1880 zu Daramona House, Streete, County Westmeath, Irland a gestuerwen den 10. Oktober 1972 zu Dublin war en ireschen Astronom, deen als éischten d'Theorie vun der haut bekannter Kuiperceinture publizéiert hat.

Den Edgeworth publizéiert am Joer 1943 seng Aarbecht The evolution of our planetary system, déi als éischt Referenz fir e Reservoir vu Koméiten hanner de Planéitebunnen am Sonnesystem gëllt. Doraus huet sech e Konzept entwéckelt, déi sougenannt Kuiperceinture, deen an Irland an a Groussbritannien och als Edgeworth–Kuiper belt bezeechent gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • The evolution of our planetary system, Juli 1943
  • Jack of All Trades – The Story of My Life - published by Alan Figgis, Dublin, 1965 → Autobiographie

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]