Kentucky

Vu Wikipedia
Kentucky
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Bluegrass State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Frankfort
Gréisst Stad: Louisville
Gouverneur: Andy Beshear
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 37. Plaz
104.659 km²
1,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 26. Plaz
4.505.836 (2020)[1]
44,05/km²
Opgeholl als Memberstaat: 1. Juni 1792 (15ten)
Zäitzon: UTC-6/-5/-4

De Kentucky, offiziell de Commonwealth of Kentucky, ass e Staat vun den USA.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Kentucky grenzt u siwe Staaten: am Oste läit West Virginia, am Südoste Virginia, am Süden den Tennessee, am Weste de Missouri, am Nordwesten den Illinois an den Indiana, an am Norden an am Nordosten den Ohio. Nëmmen de Missouri an den Tennessee, déi allenzwéin un aacht weider Staate grenzen, hu méi Nopeschstaaten.

Déi nërdlech Grenz ass den Ohio River an déi westlech Grenz ass de Mississippi River. Den héchste Punkt ass de Black Mountain mat 1.263 m.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf geschat, datt iwwer 4,4 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 88,1 % als wäiss Amerikaner, 8,3 % als Afroamerikaner, 3,4 % als Hispanic/Latino, 1,4 % als asiatesch an 0,3 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

De Kentucky ass op der 4. Plaz vun den US-Staaten, déi déi meescht Autoen zesummebauen. Zu de grousse Marken, déi e Wierk do hunn zielen Toyota, Ford, Chevrolet a Corvette.

De Kentucky produzéiert och 95% vum Bourbon Whiskey, dee weltwäit konsuméiert gëtt. Am Staat leien iwwer 5,3 Millioune Fässer Whiskey.[2]

Eng vun den Entreprisen aus dem Kentucky, déi weltwäit bekannt ass, ass d'Fast-Food-Ketten Kentucky Fried Chicken (KFC).

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 43.342 US-Dollar pro Stot an 23.741 USD op de Kapp[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kentucky – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Kentucky
  2. seattletimes.com: Bourbon, Tennessee whiskey sales soar in U.S.; exports top $1B (3. Februar 2015)