Kepler-10 b

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kepler-10 b
Gréisstevergläich Äerd a Kepler-10 b
Stärebild: Draco (Dra)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 02m 43s
Deklinatioun + 50° 14' 29"
Astrometrie
Distanz a Liichtjoer (173 ± 27)
Physikalesch Eegeschaften
Mass: 4,56 ME
Ëmlafbunn: 0,837495 Deeg
Entdecker Kepler-Missioun

De Kepler-10 b ass ee bal äerdgrousse Planéit am Draco um Nordhimmel. Et ass deen éischte Gestengsplanéit, dee mat Hëllef vum Weltraumteleskop Kepler entdeckt gouf. Den Exoplanéit huet ongeféier déi 1,4-fach Gréisst a 4,6-fach Mass vun der Äerd a war bis Januar 2011 dee klengste Planéit, dee bei engem anere Stär fonnt an deem säin Duerchmiesser mat der Transitmethod bestëmmt konnt ginn. Hien ëmkreest säin Zentralstär Kepler-10, deen 560 Liichtjoer vun eis ewech ass, all 0,84 Deeg bei manner wéi een 20stel vun der Distanz tëscht Merkur a Sonn.

D'Donneeën, déi zu der Entdeckung vu Kepler-10 b gefouert haten, goufe gesammelt vu Mee 2009 bis Januar 2010.

Duerch déi kleng Distanz zu sengem Stär läit hien net an der habitabeler Zon. Schätzunge vun der Gläichgewiichtstemperatur vum Planéit leie bei méi wéi 1800 K. Seng héich Dicht vu ronn 8,8 g/cm3 (Äerd ongeféier 5,5 g/cm3) weist op en héije Metallundeel hin.

D'Entdeckung vum Kepler-10b ass e wichtege Meilestee fir de Kepler-Programm.

kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-10 b

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie