Kepler-32

Vu Wikipedia
Kepler-32
De Kepler-32 am Verglach mat eiser Sonn (lénks).
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 51m 22,18s
Deklinatioun + 46° 34' 27,4"
visuell Magnitude 16,0 mag
Spektralklass: M1V
Astrometrie
Radialvitess: -32,5 ± 0,5 km/s
Parallax: ?
Distanz 303 ± 14 PC
Liichtkraaft ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,54 ± 0,02 M☉
Radius: 0,53 ± 0,02 R☉
Metallizitéit: -0,01 ± 0,09
Uewerflächentemperatur 3.793+80−74 K
Alter >2 Milliarden
Aner Bezeechnungen
KIC KIC 9787239
KOI KOI-952
2MASS J19512217+4634273
Weider Katalogen WISE J195122.14+463427.5

De Kepler-32 ass e rouden Zwerg am Stärebild Cygnus. Hie läit ronn 988 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet e Planéitesystem mat fënnef bekannten Exoplanéiten. De Kepler-32 ass wéi all Rout Zwergen däitlech méi kleng a méi liichtschwaach wéi eis Sonn. Seng Mass ass ronn 54% vun der Sonnemass a säi Radius huet ronn 53% vum Sonneradius. Seng Uewerflächentemperatur ass ongeféier zwee Drëttel vun der Sonnenuewerflächentemperatur a seng Liichtkraaft huet nëmme 5% vun der Sonneliichtkraaft.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Mam Weltraumteleskop Kepler goufe mat der Transitmethod am Joer 2011 ufanks zwéi Planéiten an Ëmlafbunnen ëm de Stär entdeckt, gefollegt vun der Entdeckung vu 3 weidere Planéiten am Joer 2012. All Planéite kreesen ëm hiren Zentralstär op enken Ëmlafbunne an e puer Deeg respektiv Stonnen (beim bannenzege Planéit). Déi béid bannenzeg Planéite Kepler-32f a Kepler-32e hunn e Radius vu jee zirka 0,81 Äerdradien respektiv 1,5 Äerdradien. Déi dräi baussenzeg Planéite Kepler-32b, Kepler-32c, a Kepler-32d hunn dogéint e Radius, deen tëscht 2 an 2,7 Äerdradie läit.

No enger publizéierter Studie vun Enn 2012 sinn d'Planéite warscheinlech a grousser Distanz vum Kepler-32 entstanen, ier si duerch Migratioun hir haiteg Bunnen ageholl hunn. D'Planéite vum Kepler-32 kënnen als representativ fir déi am Kader vun der Kepler-Missioun observéiert M-Zwerge gëllen.

Konstellatioun vum Stärebild Cygnus

Planéitesystem vum Kepler-32[änneren | Quelltext änneren]

Planéit
(no Distanz vum Stär)
Entdeckungs­joer Radius
(an )
Mass
(an M)
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an AE)
Inklinatioun
(a °)
Exzentrizitéit
Kepler-32f 2012 0,81 ± 0,05 0,74296 ± 0,00007 0,0130 ± 0,0002
Kepler-32e 2012 1,5 ± 0,1 2,8960 ± 0,0003 0,0323 ± 0,0005
Kepler-32b 2011 2,25 ± 0,11 9,4+3,6−3,1 5,90124 ± 0,00010 0,05
Kepler-32c 2012 2,02 ± 0,11 7,7+5,0−3,8 8,7522 ± 0,0003 0,09
Kepler-32d 2012 2,7 ± 0,1 22,7802 ± 0,0005 0,128 ± 0,002

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie