Kepler-37b

Vu Wikipedia
Kepler-37b
Kënschtlerescht Bild (NASA)
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs 0.1003
Exzentrizitéit
Bunnschréi 88,63[1]
Ëmlafdauer 13,36730800 Deeg[1]
Oppositiounsintervall
Ëmlafvitess
Equatorduerchmiesser
 
Polduerchmiesser
Mass ≥0,01 Äerdmassen
Dicht
Fluchtvitesse
Rotatiounsperiod
Albedo
Drock
Temperatur 1629 K[1]
Entdecker Jack Lissauer
(Leeder vun der Entdeckung)
Datum vun der Entdeckung 20. Februar 2013

De Kepler-37b ass en Exoplanéit am Stärebild Lyra. De Planéit kreest ëm de Stär Kepler-37. Et ass de klengsten Exoplanéit, deen ëm en Haaptreie-Stär kreest, dee bis elo entdeckt gouf. Seng Mass a säi Radius sinn nëmme minimal méi grouss wéi déi vun eisem Äerdmound.[2]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler-37b gouf zesumme mat de Planéite Kepler-37c an -37d vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Seng Gréisst gouf mat Hëllef vun Asteroseismologie ermëttelt. De Kepler-37 ass bis elo dee klengste Stär, bei deem déi Technik agesat gouf. Déi Method erlaabt et, d'Gréisst vun engem Planéit zimmlech genee ze bestëmmen. Seng Entdeckung gouf duerch seng kuerz Ëmlafzäit, seng relativ Hellegkeet an déi kleng Aktivitéit vu senger Sonn erméiglecht.

Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Physikalesch Gréissten[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit läit ronn 210 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet en Duerchmiesser vun 3.900 km, also nëmmen eppes méi grouss wéi eisen Äerdmound. No der NASA huet de Planéit méiglecherweis keng Atmosphär, wouduerch och kee Liewe méiglech ass. Ausserdeem huet seng Uewerfläch nëmme Fielsen. D'Uewerflächentemperatur läit bei zirka 425 °C.

Orbital Gréissten[änneren | Quelltext änneren]

Den Exoplanéit Kepler-37b ëmkreest seng Sonn op enger Distanz vu ronn 15 Millioune Kilometer mat enger Ëmlafzäit vun ongeféier 13 Deeg. Déi béid baussenzeg Planéite lafen ëm hir Sonn am Verhältnes vun 8:5 an 3:1 zum Kepler-37b.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kepler Discoveries Archivéiert op 2017-04-01. Gekuckt de(n) 2013-11-03.
  2. Smallest Alien Planet Kepler-37b Explained (Infographic)