Kepler-62

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-62f mat Kepler-62 am Hannergrond
Numm Kepler-62
Stärebild: Lyra (Lyr)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 18h 52m 51.060s
Deklinatioun + 45° 20' 59.50"
visuell Magnitude + 13,8 mag
Spektralklass: K2V
Astrometrie
Radial Vitesse:
Parallax
Distanz zirka 1200 Lj.
Absolut Hellegkeet - 0,15 mag
Physikalesch Eegeschaften
Mass: 0,69 ± 0,02
Radius: 0,64 ± 0,02
Uewerflächentemperatur 4925 ± 70
Metallizitéit -0,37 ± 0,04
Alter 7±4 Mrd.
Aner Bezeechnungen
2MASS J18525105+4520595
KIC 9002278
KOI 701

De Kepler-62 ass e Stär mat der Spektralklass K2V am Stärebild Lyra. E steet 1200 Liichtjoer vun eis ewech an ass eppes méi kal wéi eis Sonn. Hie gëtt vun op d'mannst fënnef Exoplanéiten ëmkreest.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Abrëll 2013 gouf vu Fuerscher vum Kepler-Weltraumteleskop bekannt, datt de Stär fënnef Planéiten huet. Si goufen all mat der Transitmethod entdeckt: Vun der Äerd aus gesinn zéien d'Planéiten eemol pro Ëmlaf virun hirem Stär laanscht. Dëst féiert zu engem Hellegkeetsënnerscheed, dee vum Kepler-Teleskop gemooss gëtt. D'Planéitemassen konnten bis elo nach net gemooss ginn, dofir sinn nëmmen ganz grouss iewescht Grenze bekannt.

Déi béid baussenzeg Planéiten, Kepler-62e an Kepler-62f, kënnten äerdähnlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op hirer Uewerfläch hunn.

Verglach vun de Gréissten: D'Planéiten Kepler-69c, Kepler-62e, Kepler-62f an eis Äerd . All Planéiten ausser der Äerd sinn Kënschtler 'Virstellungen.
Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(an Äerdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréiegt
(Grad)
b <9 1,31 ± 0,04  ? 5,71493 0,0553 89,2 ± 0,4
c <4 0,54 ± 0,03  ? 12,4417 0,0929 89,7 ± 0,2
d <14 1,95 ± 0,07  ? 18,16406 0,120 89.7 ± 0,3
e <36 1,61 ± 0,05  ? 122,3874 0,427 89,98 ± 0,02
f <35 1,41 ± 0,07  ? 267,291 0,718 89.90 ± 0,03

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie