Kepler-62e

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kepler-62 e)
Exoplanéit Kepler-62e
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-62f mat Kepler-62e a Kepler-62 am Hannergrond
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Stärebild Lyra (Lyr)
Rektaszensioun 18h 52m 51.06s
Deklinatioun + 45° 20’ 59.9”[1]
Distanz zirka 370 Lj.
Stär Kepler-62
Entdecker Kepler-Weltraumteleskop an d'Mataarbechter
Datum vun der Entdeckung 2013

De Kepler-62e ass en Exoplanéit, deen ëm de Stär Kepler-62 kreest. Hie gouf mat Hëllef vun der Transitmethod duerch de Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. De Kepler-62e ass warscheinlech en äerdänleche Planéit. Hie kreest op enger habitablen Zon vu sengem Stär. Et wier also méiglech, datt um Planéit Liewen existéiert.[2],[3][4][5]

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Alter vum Planéit (7±4 Milliarde Joer), sengem stellare Floss (1,2±0,2-facht vun der Äerd) a sengem Radius (1,61±0,05-facht vun der Äerd) ass et méiglech, datt de Planéit e Kär aus Silikat an Eisen huet a vun enger grousser Mass vu Waasser bedeckt ass. No enger Modellstudie, déi vun der Zäitschrëft The Astrophysical Journal akzeptéiert gouf, ass de ganze Planéit vun engem groussen Ozean bedeckt.[6] E wier deemno e sougenannten Ozeanplanet.[7]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit kreest an 122 Deeg ëm säin Zentralstär Kepler-62. Hien ass ongeféier 60 Prozent méi grouss wéi eis Äerd.[8]

Am Ganze goufe fënnef Planéiten entdeckt, déi ëm de Stär Kepler-62 kreesen. Ënner hinnen ass och de Kepler-62f, deen och an der habitabler Zon vum Stär ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Simbad
  2. Kepler-62e, http://www.sciencemag.org.
  3. MPIA Pressemitteilung - Bislang aussichtsreichste Kandidaten für lebensfreundliche Exoplaneten gefunden. Artikel vom 18. April 2013, ofgeruff de 14. Juli 2013.
  4. Kepler-62e: Super-Earth and Possible Water World
  5. 3 Potentially Habitable 'Super-Earths' Explained (Infographic)
  6. Water Worlds Surface, The Astrophysical Journal.
  7. Welt ohne Land aus Der Spiegel, ofgeruff de 6. Abrëll 2014
  8. Two earthlike planets that could host life discovered, The Indian Express.