Kepler-69c

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kepler-69 c)
Exoplanéit Kepler-69c
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-69c
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Rektaszensioun 19h 32m 40,388s[1]
Deklinatioun + 44° 52' 51,309"[2]
Stärebild Cygnus (Cyg)
Radius 1,589 R[2]
Rotatiounsperiod 242,46 Deeg[2]
Entdecker Kepler Teleskop
Datum vun der Entdeckung 2013

De Kepler-69c oder KOI-172.02 (Kepler Object of Interest) ass en Exoplanéit, deen ëm de Stär Kepler-69 am Stärebild Cygnus kreest. Hie gouf 2013 mat der Transitmethod vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt.

Éischt Analyse koumen zum Resultat, datt de Kepler-69c an der Habitabler Zon kéint sinn. De Planéit ass ongeféier 60 Prozent méi grouss wéi eis Äerd a fält domat an d'Kategorie vun de Superäerden.[2] Weider Ënnersich besoen zwar, datt et sech duerch déi kleng Distanz zum Stär éischter ëm eng Supervenus handelt, op där no haiteger Virstellung kee Liewen entstoe kann.[3]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit kreest ëm säin Zentralstär Kepler-69 op enger Distanz vun 0,64 AE an 242,46 Deeg mat enger Bunnschréi vun 89,85°.[2] Nieft dem Kepler-69c gouf mam Kepler-69b e weidere Planéit entdeckt, deen de Kepler-69 an 13,72 Deeg ëmkreest.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hipparcos Catalogue
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Kepler-69c auf exoplanet.eu
  3. A Potential Super-Venus in the Kepler-69 System
  4. Kepler-69b auf exoplanet.eu