Kepler-Weltraumteleskop
Duergestallt sinn um rietse Bildrand d'Äerd an de Mound souwéi lénks uewen am Stärebild Cygnus (Schwan) e fiktive, vun engem Planéit ëmkreesende Stär.
De Kepler-Weltraumteleskop ass e Weltraumteleskop vun der NASA, deen am Mäerz 2009 gestart gouf, fir no extrasolare Planéite ze sichen. Genannt ass de Projet nom däitschen Astronom Johannes Kepler, deen als éischten d'Gesetzméissegkeete vun de Planéitenëmlafbunnen erkannt hat.
Inhaltsverzeechnes |
Wëssenschaftlech Aufgab [änneren]
D'Teleskop observéiert e festen Ausschnëtt vum Stärenhimmel mat ronn 100.000 Stäre am Stärebild Cygnus,[1] fir extrasolar Planéite ze entdecken. Besonnesch Zilsetzung vum Projet ass, vergläichswäis kleng Planéite (wéi eis Äerd oder nach méi kleng) an domat och potentiell bewunnbar („habitabel“) extrasolar Planéite ze entdecken. Gläichzäiteg liwwert et Basisdaten zu aneren verännerleche Stäre, fir doraus Réckschlëss iwwer déi am Kär oflafend Prozesser zéien ze kënnen. D'Missioun vum „Kepler“ soll etlech Jore daueren.
Observéiert Planéitekandidaten [änneren]
- Total: 2326
- Äerdähnlech: 207 (dovun 54 an der habitabler Zon)
- Super-Äerden: 680
- Neptunähnlech: 1181
- Jupiterähnlech: 203
- méi grouss wéi de Jupiter: 55
Stand: 6. Dezember 2011
Ëmlafbunn [änneren]
Fir d'Observatiounen méiglechst ongestéiert duerchféieren ze kënnen, gouf d'Teleskop net an eng Ëmlafbunn ëm d'Äerd bruecht, mä an e Sonnenorbit, wou d'Ëmlafzäit an d'Exzentrizitéit eppes vun der Äerdbunn ewech läit. D'Sond leeft domat hannert der Äerd a vergréissert hiren Ofstand während de Jore. De Kepler-Weltraumteleskop kann esou d'Observatiounsregioun ouni periodesch Verdeckung duerch d'Äerd am A behalen.
Technesch Beschreiwung [änneren]
Mat engem Fotometer méisst dat 1039 Kilogramm schwéier a knapp fënnef Meter grousst Teleskop d'Hellegkeet vu Stäre, fir d'Hellegkeetsschwankunge festzestellen, déi op den Duerchgank vum Planéi tëschent dem Stär aan dem Weltraumteleskop hiweisen.
D'Optik vum Kepler-Fotometers ass als Schmidt-Teleskop ausgefouert. Den Duerchmiesser vun der Schmidt-Plack ass 0,95 m an dee vum Haaptspigel 1,4 m. am Fokus befënnt sech eng Opstellung aus 42 CCD-Sensore, déi e Feld vun 105 Quadratgrad, dat ass ongeféier bei ausgestrecktem Aarm eng Handfläch, iwwerwaache kënnen.[2] Jiddfer CCD-Sensor huet eng Gréisst vu 50 mm × 25 mm, wat 2200 × 1024 Pixelen entsprëcht, sou datt d'Kamera am Ganzen iwwer 95 Megapixel huet. Fir d'Vergréisserung vun der fotometrescher Genauegkeet gëtt d'Optik liicht defokusséiert, zousätzlech ass e Bandpass fir Wellelängte vu 430–890 nm agebaut.
D'Iwwerdroung vun den Daten zu der Buedemstatioun erfollegt am Ka-Band mat bis zu 4,33125 Mbps. Fir d'Steierung vum Satellit gëtt nach d'X-Band mat 7,8125 bps bis 2 kbps fir den Uplink an 10 bps bis 16 kbps fir den Downlink gebraucht.
D'Sich no äerdähnleche Planéiten [änneren]
Bei engem Duerchgank vun engem extrasolare Planéit an Äerdgréisst gëtt am Weltraumteleskop eng Ofdonklung an der Gréisstenuerdnung vun engem zéngtel Promille erwaart (fir Äerd a Sonn 0,084 ‰). Dat erfollegt bei zentralem Duerchgank virum Bild vum Stär fir en Zäitraum vu ronn engem halwen Dag (fir Äerd a Sonn 13 Stonnen). Ass den Duerchgank net zentral, dann ass d'Zäit vun der Ofdonklung méi kuerz. Wa sech déiselwecht Hellegkeetsännerung bei dësem Stär nach zweemol widderhëlt an dobäi déi zwéin Intervallen d'selwecht sinn, gëtt e Planéit op enger fester Ëmlafbunn als Ursaach ugeholl a gëllt als entdeckt. Aus der sou ermëttelter Ëmlafzäit an der Hellegkeetsännerung loosse sech no de Kepleresche Gesetzer d'Ëmlafbunn an d'Gréisst vum äerdähnliche Planéit ermëttelen. Duerch déi ermëttelt Distanz vum entdeckten Exoplanéit zu senger Sonn an duerch d'Temperatur vun dëser Sonn (ermëttelt no Liichtkraftklass a Spektralklass) kann d'Temperatur um Planéit an domat seng méiglech Bewunnzon approximativ berechent ginn. Opgrond vun ënnerscheedleche Bunnnschréigte vun de Planéite géint eis Siichtlinn trëtt allerdéngs nëmme bei engem Brochdeel äerdähnlecher Planéite eng aus eiser Richtung observéiert Bedeckung op. D'Wahrscheinlechkeet, datt sou een Transit vun der Äerd aus observéiert ass, ergëtt sech einfach als Quotient vu Stär- a Planéitebunnradius, am Fall vun Äerd a Sonn also 0,465%.[3]
Verlaf [änneren]
De Start vum 600 Mio. US-Dollar deieren Teleskop war de 7. Mäerz 2009 um 03:49:57 UTC als Notzlascht vun enger Delta-II-7925-10L-Drorakéit vum Startkomplex 17B vun der Cape Canaveral AFS.[4] Et war den 339. Start vun enger Delta-Rakéit. No ëmfangräichen Tester a Kalibréierung vun de Sensore hat d'Teleskop zwéi Méint méi spéit seng Aarbecht opgeholl.[5]
Am Januar 2010 goufen déi éischt fënnef vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckte Planéite bekanntginn (Kepler 4 bis 8; s.a. Kepler-6, Kepler-7; Kepler 1 bis 3 waren schonns virum Start vun der Sond mat terrestresche Observatiounsmethoden entdeckt ginn). Bei allen handelt et sech ëm Planéite, déi hir Stäre op Distanzen vu manner wéi 0,1 astronomesch Eenheeten ëmkreesen und déi eng däitlech méi héich Uewerflächentemperatur opweise wéi jiddwer Planéit aus eisem Sonnesystem. am Juni 2010 goufen d'Date vun 306 vun deene 706 bis dohin identifizéierte Exoplanéitkandidaten publizéiert.[6] D'Entdeckung vu méi killen Transiten, potentiell äerdähnleche Planéiten brauch wéinst hirer méi laanger Ëmlafperiod eng laang Observatiounsperiod a gëtt eréischt fir méi spéit vun der Kepler-Missioun erwaart.
Am Januar 2011 gouf matgedeelt, datt de „Kepler“ dee bis dohi klengste Gestengsplanéit entdeckt hat: Kepler-10b. Hie gouf duerch Observatioune vum Mee 2009 bis Januar 2010 opfonnt. De Kepler-10b huet déi 4,6-fach Mass an déi 1,4-fach Gréisst vun der Äerd an ëmkreest säin Zentralstär all 0,84 Deeg. Hien ass awer ronn 20-mol méi no bei senger Sonn, wéi de Merkur bei eiser Sonn.[7]
Den 2. Februar 2011 huet d'NASA bekannt ginn, datt zënter Missiounsufank schonns 1235 Planéitekandidate fonnt goufen. Dovun sinn der 5 ongeféier esou grouss wéi eis Äerd an an der habitabler Zon. Am Ganze goufe 54 Stéck an der habitabler Zon an 68 äerdgrouss Planéitekandidaten entdeckt. Als weider Planéitekandidate goufen 288 Superäerden, 662 an der Gréisst vum Neptun, 165 an der Gréisst vum Jupiter an 19 déi méi grouss wéi de Jupiter sinn, fonnt.[8][9]
De 5. Dezember 2011 bestätegt d'NASA den éischte Planéit bannent der habitabler Zon vun engem sonnenähnleche Stär.[10] Kepler-22b ass deen éischte vu 54 Kandidaten, deen den 2. Februar bannent der habitabler Zon publizéiert an offiziell bestätegt konnt ginn. Dofir muss de „Kepler“ op d'mannst 3 Duerchgäng viru sengem Heemechtsstär observéiert hunn. Desweideren huet d'NASA bekannt ginn, datt sech d'Zuel vun de Planéitekandidaten op 2 326 erhéicht huet, wouvun der 207 ongeféier esou grouss wéi eis Äerd sinn. 680 „Superäerden“, 1 181 neptunähnlech, 203 jupiterähnlech a 55 Planéiten, déi méi grouss wéi de Jupiter sinn, goufen am Ganzen observéiert.
Lëscht mat wichtegen Entdeckungen [änneren]
| System | Planéit | Publikatioun | Bemierkung |
|---|---|---|---|
| Kepler-4 | Kepler-4b | 2010 | Éischt Entdeckunge vun der Keplermissioun |
| Kepler-6 | Kepler-6b | 2010 | Éischt Entdeckunge vun der Keplermissioun |
| Kepler-7 | Kepler-7b | 2010 | Planéit mat ongewéinlech klenger Dicht |
| Kepler-10 | Kepler-10b | 2011 | Klengste Gestengs(exo)planéit |
| Kepler-11 | Kepler-11b - g | 2010 | Stär mat op mannst 6 Exoplanéiten; dràifache Transit am August 2010 |
| Kepler-16 | Kepler-16b | 2011 | Éischten observéierten Transit an engem Duebelstäresystem |
| Kepler-22 | Kepler-22b | 2011 | Eischte Planéit an der habitabler Zon |
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kepler-Mission – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Offizielle NASA-Seite der Kepler-Mission
- (en) NASA – aktuell Missioune – Kepler-Missioun
- Kepler Planet Candidate Data Explorer ofgeruff de 7. Dezember 2011
Referenzen [änneren]
- ↑ NASA: Kepler FOV map (PDF)
- ↑ NASA – Kepler Overview (englisch)
- ↑ NASA - Characteristics of Transits
- ↑ NASA – Kepler Launch (englisch)
- ↑ wissenschaft-aktuell: Kepler: Die Suche nach Planeten beginnt
- ↑ Borucki et. al., Characteristics of Kepler Planetary Candidates based on the first Data Set: The Majority are found to be Neptune-size and smaller
- ↑ http://astronews.com/news/artikel/2011/01/1101-008.shtml
- ↑ NASA Finds Earth-size Planet Candidates in Habitable Zone, Six Planet System nasa.gov, 2. Februar 2011
- ↑ Kepler Planet Hunter Finds 1,200 Possibilities New York Times, 2. Februar 2011 (abgerufen am 3. Februar 2011)
- ↑ [1] nasa.gov, 5. Dezember 2011 (abgerufen am 6. Dezember 2011)