Kepler (Moundkrater)
| Eegeschafte | |
|---|---|
| Breet | 8,1° N |
| Längt | 38,0° W |
| Duerchmiesser | 32 km |
| Déift | 2,6 km |
| Selenographesch Längt | 38° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Johannes Kepler |
De Kepler ass e Krater um Äerdmound, dee no dem däitschen Astronom Johannes Kepler genannt ass. Hien ass schonns mat engem klengen Teleskop en opfällege Moundkrater, well hien ähnlech wéi den Tycho an de Kopernikus e Stralesystem huet.
Inhaltsverzeechnes |
Lag an Eegeschafte [änneren]
De Kepler ass en opfalende Krater no beim Moundequator op der äerdzougedréiter Moundsäit. Hie läit mat sengem Zentrum bei 8,1° nërdlecher selenographescher [[Breet]] an 38,0° westlecher Längt, westlech vum Oceanus Procellarum an ëstlech vum Mare Insularum. Säin Duerchmiesser ass 32 Kilometer. Seng Déift méisst vun der Héicht vum Rampli aus 2600 Meter. De Kraterrand ass duerch Ofrëtsch eppes eckeg geformt. De banneschte Hang vum Rampli ass terrasséiert. Den zentrale Biergmassiv ass nëmme schwaach profiléiert.
De Kepler huet e ganz helle Banneberäich an ass doriwwer eraus d’Zentrum vun engem helle Stralesystem.
Literatur [änneren]
- Gerald North: Den Mond beobachten. Spektrum, Akademischer Verlag, Heidelberg - Berlin 2003. ISBN 3-8274-1328-1
- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. Die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. In 2 Bänden. Herder, Freiburg - Basel - Wien 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7