Keplerbunn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Keplerbunne sinn d'Léisunge vum Keplerproblem, wéi sech e klengen Himmelskierper ëm ee gréissere beweegt. D'Léisunge sinn d'Kegelschnëtt Krees, Ellips, Parabel an Hyperbel, déi sech an hirer ganzer Energie ënnerscheeden. D'Keplerellips mat der Bunnachs als Parameter, déi d'Kreesbunn als Spezialfall enthält, beschreift periodesch Ëmlafbunne, beispillsweis Sonn-Äerd, Äerd-Mound.

Inhaltsverzeechnes

Ideal Keplerbunn [änneren]

Véier vu sechs Bunnelementer vu Planéiten. D'Richtung vum Bunnknuet (Ω) gëtt vum Fréijoerspunkt gezielt.

Am Idealfall, datt keng weider Kierper existéieren (Zwéikierperproblem), erfollegt déi géigesäiteg Bewegung no den dräi Gesetzer vum Kepler.

An Polarkoordinate (r,\phi) mat Urspronk am Zentralstär léisst sech déi geometresch Form vun de Keplerbunne duerch déi folgend Formel beschreiwen:

 r (\varphi) = {p \over { 1 + \varepsilon \cdot \cos \varphi}}, ~ \varphi \in I

Dobäi bezeechent r den Ofstand vum ëmlafenden Himmelskierper vum Zentralstär, \phi de Wénkel tëschent de Verbindungslinne Zentralstär–Periapsis an Zentralstär–Himmelskierper (Richteg Anomalie). Déi zwou Konstante \epsilon (d'numeresch Exzentrizitéit) an p (der Hallefparameter) beschreiwen d'Form vun der Keplerbnn. Fir \epsilon = 0 handelt et sech ëm eng Kreesbunn, fir 0 < \epsilon < 1 ëm eng Ellips, fir \epsilon = 1 ëm eng Parabel a fir \epsilon > 1 ëm eng Hyperbel. Den Intervall I an deem de Wénkel \phi variéiert, hänkt vum Bunn-Typ an, am Fall vun der Hyperbel, vun der Exzentrizitéit \epsilon of: I = \R fir Kreesbunne an Ellipse, I = (-\pi, \pi) fir Parabelen, I = (-\arccos \tfrac{1}{\varepsilon},\arccos \tfrac{1}{\varepsilon}) fir Hyperbelen.

Keplerbunne loosse sech exakt duerch sechs sougenannt Bunnelementer beschreiwen.

Parabelbunnen an Hyperbelbunne sinn ongebonne Zoustänn, déi bei munneche Koméite virleien. Bei dëse Bunne gëtt et nëmmen een eenzege Rendez-vous, de Koméit verschwënnt duerno aus dem Sonnesystem.

Vitesse [änneren]

Wéinst der Energieerhalung ass d'Bunnvitesse ausser am Fall vum Krees net konstant, mä hëlt zou, wann den Ofstand tëschent de Kierper méi kleng gëtt. D'Streck laanscht d'Keplerbunn, déi fir den direkte Wee-Zäit-Zesummenhank vun der Vitesse gebraucht gëtt, huet nëmmen a Spezialfäll eng analytesch Léisung. Duerch Betruechte vu kinetescher a potentieller Energie geléngt d'Hierleedung vu Vis-Viva-Equatioun.

Si stellt en Zesummenhank tëschent der Mass M vum Zentralkierper, der Gravitatiounskonstant G, der grousser Hallefachs der Ëmlafellips, der Distanz r dem ëmlafende Kierper an der Vitesse v vun dësem Kierper hier:

v=\sqrt { GM\left({{2 \over{r}} - {1 \over{a}}}\right) }

Fir d'Haaptscheetel vun der Ellips gëtt et awer och analytesch Léisunge, déi sech alleng mat Hëllef vun der Ellipsgeometrie berechne loossen, an ouni d'Gravitatiounsparameter auskommen:

Wénkelvitesse am Perizentrum: \omega_\mathrm{p} = \omega_\mathrm{m} \sqrt { a^2 (a + e) / (a - e) ^3 }
Wénkelvitesse am Apozentrum: \omega_\mathrm{a} = \omega_\mathrm{m} \sqrt { a^2 (a - e) / (a + e) ^3 }

Well sech de Radiusvektor an de Scheetelen differentiell kaum ännert, gëllt:

Perizentrumsvitesse: v_\mathrm{r} = \omega_\mathrm{p} (a - e) = \frac {2 \pi }{ T } a \sqrt { \frac {a + e}{a - e} }
Apozentrumsvitesse: v_\mathrm{r} = \omega_\mathrm{a} (a + e) = \frac {2 \pi }{ T } a \sqrt { \frac {a - e}{a + e} }

Stéierend Kraaft [änneren]

Duerch onregelméisseg oder weidere Himmelskierper ass d'Gravitatiounsfeld awer net kugelsymmetresch, woduerch Bunnstéierungen entstinn. Och kleng Bremseffeten duerch Gasen oder Meteoroiden, duerch Stralungsdrock a geméiss der Relativitéitstheorie droen derzou bäi. Doduerch ännere sech lues d'Zuelewäerter vun de sechs Bunnelementer.

Et kann een dës zäitofhängeg oder periodesch Effete duerch d'Method „Variatioun vun den Elementer“ berechnen, woubäi all momentan („oskuléierend“) Keplerellips stänneg an déi nächst iwwergeet. D'Bunnstéierunge kënne laangzäitlech (ëmmer a gläicher Richtung) oder periodesch sinn. An der Géigend vun irregulär geformte Himmelskierper oder beim Fluch duerch Materiewolleke trieden och onregelméisseg Effeten op.

D'Bunnachse (a) vun den aacht Planéite aus eisem Sonnesystem bleiwen praktesch konstant, well hir Mass grouss an d'Bunne kreesähnlech sinn. Asteroide an Koméite kënnen awer gravéierend Ännerunge kréien, wann si engem Planéit méi no kommen. Bei niddrege kënschtleche Äerdsatellite sinn d'Bunnstéierunge e puer zéngtel Grad pro Stonn resp. epuer Kilometer a loossen op déi genee Form vum Geoid schléissen.

Streng geholl zielen exakt Keplerbunnen nëmme fir kugelfërmeg Kierper, dës Bedéngung ass bei gréissere Distanzen an der Astronomie genuch erfëllt. Och fir Moundbunne ëm staark ofgeplatte Planéite (z. B. Jupitermounde) kann ee mat Kepler Formele rechnen, wann dat drëtte Keplergesetz ëm e klenge Faktor ergänzt gëtt. De facto leeft dës (zousätzlech zu der Bunnachs a) op e siewent Bunnelement fir d'Ëmlafzäit eraus.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen [änneren]