Keres-Verdeedegung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der indescher Keres-Verdeedegung. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Keres-Verdeedegung (Homonymie).
Keres-Verdeedegung
Solid white.svg a b c d e f g h Solid white.svg
8 a8 b8 c8 d8 e8 f8 g8 h8 8
7 a7 b7 c7 d7 e7 f7 g7 h7 7
6 a6 b6 c6 d6 e6 f6 g6 h6 6
5 a5 b5 c5 d5 e5 f5 g5 h5 5
4 a4 b4 c4 d4 e4 f4 g4 h4 4
3 a3 b3 c3 d3 e3 f3 g3 h3 3
2 a2 b2 c2 d2 e2 f2 g2 h2 2
1 a1 b1 c1 d1 e1 f1 g1 h1 1
a b c d e f g h
Aner Nimm Känguru-Verdeedegung, Franco-Indesch Verdeedegung
Zich 1. d4 e6 2. c4 Lb4+
ECO-Coden A40
Benannt no Paul Keres
Nospillen op Chessgames.com

D'Keres-Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.

D'Keres-Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:

1. d4 e6
2. c4 Lb4+

Déiselwecht Stellung kann och iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. d4 Lb4+ erreecht ginn.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss huet véier méiglech Zich fir dem Leeferschach ze begéinen, wouvun 3. Dd2?? allerdéngs net spillbar ass, well Wäiss doduerch just Material verléiert. Dohier bleiwen nach 3. Ld2, 3. Sc3 an 3. Sd2.

3. Ld2[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Ld2

Op 3. Ld2 ka Schwaarz säin ugegraffene Leefer entweder mat 3. ... Lxd2+ oftauschen oder mat 3. ... a5, 3. ... De7 oder 3. ... c5 decken.

3. Sc3[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Sc3

Den Zuch 3. Sc3 bitt Schwaarz vill Transpositiounsméiglechkeeten. No 3. ... Sf6 entsteet d'Nimzo-Indesch Verdeedegung, no 3. ... f5 d'Hollännesch Verdeedegung, no 3. ... d5 eng ongewéinlech Form vum ofgeleenten Dammegambit an no 3. ... b6 d'Englesch Verdeedegung. Eng aner Méiglechkeet ass 3. ... c5, wourop d'Partie nach ëmmer mat 4. e3 Sf6 an de Rubinstein-System vum Nimzo-Indeschen iwwergoe kann, allerdéngs féiert 3. d5 zu onofhängege Varianten.

3. Sd2[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ 3. Sd2

No 3. Sd2 huet Schwaarz prinzipiell déiselwecht Transpositiounsméiglechkeete wéi no 3. Sc3, just datt 3. ... Sf6 4. Sf3 zur Bogo-Indescher Verdeedegung féiert. Allerdéngs kritt Schwaarz hei mat 3. ... c5!? en einfacht Spill.

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Keres-Verdeedegung ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.

  • A40: 1. d4

Partien[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]