Ketty Maus

Vu Wikipedia
d'"Ketty Maus"
De Musterpass, deen den 22. August 2006 der lëtzebuergescher Press virgestallt gouf.

D'Ketty Maus, "gebuer" den 20. Juni 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fiktiv Fra, déi op de Mustere vun där éischter Serie vu lëtzebuergesche biometresche Päss ze gesi war, déi tëscht 2006 an 2015 erauskoumen. Deen Numm ass inspiréiert duerch d'Haaptfigur am Auguste Liesch senger Geschicht D'Maus Ketti aus dem Joer 1936.

D'Serie vun deene vun 2015 u gouf mat engem Musterpass, mat drop der Vanessa Spécimen, gebuer den 9. Mäerz 1993 zu "Utopia",[1] virgestallt.

Déi zwou Dammen entspriechen hirer däitscher Kolleegin "Erika Mustermann".

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nei Päss vum 16. Februar un." rtl.lu, leschten Update: 30.01.2015, 16:14:54.