Kibitz

Vu Wikipedia

E Kibitz ass een, dee bei Brietspiller oder Kaartespiller den Oflaf vum Spill duerch Kommentaren oder Rotschléi stéiert, déi kee gefrot huet. Dobäi spillt de Kibitz guer net mat.

D'Luxemburger Wörterbuch definéiert de Kibitz: "ungebetener Ratgeber, Zuschauer beim Kartenspiel" a bréngt e puer Ausdréck:

  • "d'Kibitze sollen de Mond halen"
  • "d'Kibitze sollen de Mond an der Täsch hunn"
  • "hanner dem Spill gëtt net gekibitzt"

Am Figurative gëtt d'Wuert gebraucht fir e "Besserwësser".

Den Ausdrock ass och am Englesche bekannt als kibitzer.

Aus dem Joer 1583 ass en Text iwwerliwwert, dee fir Berliner Wiert vum Leonhardt Thurneister gedréckt gouf:

  • Wer den fleiszigen Spielern über die Achseln gucket, also dasz ine eyn heisze Angst wurt, den soll man bald verjagen und heiszt ihn eyn Kiebitz. Wer aber die Karten von zween Spielern beglotzert hat und kommt in eyn Lüstlein, eynem etwas kundzuthun durch Klappern mit den Augen oder er schwatzet mit dem Maul, den soll man pönitiren um 30 pfennige in guter Müntz oder eyn Krügelein voll Martzbier zu gemeynem Besten, dann verjag ihn. Wer aber bedünket, so voll Weisheit zu seyn, dasz Er den Spielern will Rat geben oder sagen, es habe eynes nicht recht gespielet, den soll man auf seyn Maul schlagen, auch ime das Käpplein über die Ohren treyben, denn er ist eyn Esel, dazu soll man ihn verstäupen und werffe ihn auf die Gass.