Kiemen

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kiemen
Keemen
Vue op Kiemen vum Théophile Steffen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Kehmen
de: Kehmen
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Buerschent
Buergermeeschter Annie Nickels-Theis
Awunner 88
  01.06.2021
Fläch 528,7893 ha [1]
Koordinaten 49° 53’ 59’’ N
      06° 02’ 10’’ O

Kiemen (lokal: Keemen[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft läit um CR308 tëscht Buerschent an Heischent, op enger Héicht vu 480 - 490 Meter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Kieme goung e Kiem, dee vu Buerschent a Richtung Arel gelaf ass. Deen huet dem Duerf säin Numm ginn.

Virun der Auswanderung no Amerika vu villen Awunner, hat Kiemen uganks 1900 30 Haiser an ëm déi 155 Awunner.

Am Zweete Weltkrich, gouf Kiemen vun den Nazien an Amerikaner souwuel aus der Loft, wéi och um Buedem ugegraff. Um Enn vum Krich gouf Kiemen mat Phosphorbomme beschoss. De Krich kascht 8 Awunner d'Liewen.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kiemen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. Gemeng Burschent, De Buurschter 2021.02 (Dezember 2021). Gekuckt de(n) 20 Dezember 2021.