Kientzheim

Vu Wikipedia
Kientzheim
center}}}
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Haut-Rhin
Arrondissement Colmar-Ribeauvillé
Kanton Sainte-Marie-aux-Mines
Gemeng Kaysersberg Vignoble
Postcode 68240
Gemengecode 68164
Koordinaten 48° 08’ 13’’ N
      07° 17’ 12’’ O
Fläch  483 ha
Bevëlkerung  827 (1999)

Kientzheim (op Elsässesch: Kienze/Kientza, op Héichdäitsch: Kienzheim) ass eng fréier franséisch Gemeng am Departement Haut-Rhin an der Regioun Grand Est. Zanter dem 1. Januar 2016 ass et een Deel vun der neier Gemeng Kaysersberg Vignoble. De gréissten Deel vu Kientzheim läit bannent de fréiere Festungsmaueren.

Duerch d'Vogese géint schlecht Wieder geschützt, ass Kientzheim déi franséisch Uertschaft, wou et am mannste reent (400 mm/Joer). Dovu profitéiert de Wäibau, deen an der fréierer Gemeng bedriwwe gëtt.

Duerch Kientzheim leeft e Millegruef, dee fréier dräi Mille mat Waasser beliwwert an d'Waassergrief vun der Festung gefëllt huet. D'Waasser am dësem sougenannte Canal de Kientzheim kënnt aus der Weiss. De Kanal huet säin Ufank op der Héicht vu Kaysersberg an e leeft zu Sigolsheim erëm an d'Weiss.

De lëtzebuergesche Professer a Geolog Alexandre Moris ass 1817 zu Kientzheim op d'Welt komm. Säi Papp, de lëtzebuergeschen Huttmécher Willibrord Moris, hat et dohi verschloen, wéi en als Gesell op der Walz war. Hien huet do d'Adeläide Beringer, déi vu Kientzheim gebierteg war, bestuet. E puer Wochen no dem klengen Alexandre senger Gebuert si seng Elteren op Lëtzebuerg geplënnert an hu sech an der Stad niddergelooss[1].

Kientzheim: D'Schwendischlass aus dem 16. Joerhonnert, riets d'Porte Basse (14. Joerhonnert).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Antoine Namur: Notice biographique sur feu Alexandre Moris, de Kintzheim, département du Haut-Rhin, décédé, professeur de physique à l'Athénée R. G.-D. de Luxembourg. L'Union 1869, No 65 (20 avr.): 1-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kientzheim – Biller, Videoen oder Audiodateien