Kierch Schrondweiler

Vu Wikipedia
Kierch vu Schrondweiler
Kierch vu Schrondweiler

Kierch vu Schrondweiler
Kierch vu Schrondweiler
Uertschaft / Plaz Schrondweiler
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Wendelin
Konsekratioun 1916
Architekt(en) J.P. Koenig
Baujoer 1916
Koordinaten 49° 48’ 22.6’’ N
      06° 09’ 22.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Schrondweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Noumer gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Wendelin deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (Rue Principale), dem CR115, mat der Schoulstrooss (Rue de l'École), dem CR119.

Zur fréierer Par Noumer hunn ausser der Filialkierch vu Schrondweiler och nach d'Parkierch vun Noumer an d'Kapell vun Uewerglabech gehéiert.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Noodems déi al Kapell zu Schrondweiler duerch e Groussbrand an der Nuecht zum 5. Mee 1914 komplett zerstéiert gouf, gouf de 26. Juni 1915 d'Submissioun fir en Neibau vun der Kierch erausginn.

D'Bauplaz gouf vun der Famill Leibfried zur Verfügung gestallt. De Grondstee vun der Kierch gouf den 8. August 1915 vum Paschtouer selwer geluecht, déi dann nom Plang vum Architekt Jean-Pierre Koenig gebaut gouf. Ageseent gouf se de 17. September 1916 vum Deche vu Miersch.

Wëssenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Dee follgende laténgesche Saz gouf mat agemauert: Anno a Nativitate millesimo nongentesimo decimo quinto, die octava Augusti, in festo s. Cyriaci martyris, quum praeessent in ecclesia.

Et goufen 2 Klacke vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg an Däitschland an den Tuerm gehaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Schrondweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien