Kierch Äischer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch vun Äischer
Di Äischer Kierch
Uertschaft Äischer
Par Pënsch
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Konsekratiounsjoer '
Parverband Kiischpelt
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Äischer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Pënsch, zum Parverband Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Wolz an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Martin Molitor vu Wolz.

De Patréiner ass den Hl. Laurentius. Niewepatréiner ass den Hl. Antonius mam Schwäin. Eng schéin al Statu steet hei vum Äerzengel Michael.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

D'Kierch vun Äischer gëtt schonns an engem Visitatiounsbericht 1635 ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf 1765 nei gebaut an 1909 mat engem Duxall an engem Klackentiermche vergréissert. Den Altor schéngt aus dem 18. Joerhonnert ze sinn.

Déi zwou Klacke goufen 1921 vum Klackegéisser Stoermer vun Erfurt gegoss, a sinn haut eng Raritéit, well vun dësem Géisser an Däitschland bal alles am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.

Literatur [änneren]

  • (MiNi), 2012. Restaurierte Kirche in Enscheringen wurde am Wochenande eingeweiht. Luxemburger Wort vum 12. Juni 2012, S. 24.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Kierch Äischer – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vun Äischer vu bannen