Kierch Angelduerf

Vu Wikipedia
Kierch vun Angelduerf
Filialkierch vun Angelduerf (2015)

Filialkierch vun Angelduerf (2015)
Filialkierch vun Angelduerf (2015)
Uertschaft / Plaz Angelduerf
Par Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Celsus
Baujoer 1701
Koordinaten 49° 50’ 55.4’’ N
      06° 07’ 38.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Angelduerf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ierpeldeng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Celsus, deem säi Fest den 23. Februar gefeiert gëtt.

Se steet ganz am Südweste vun Angelduerf an der rue de la Sûre net wäit vun der Sauer.

Zur fréierer Par Dikrech gehéiert ausser der Filialkierch vun Angelduerf och nach d'Dekanatskierch vun Dikrech.

Chronogramm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1701 duerstellt:

PIA BEATI CELSI INTERVENTIO SVCCVRRAT
AFFLICTIS AVXILIVM HIC PETENTIBVS

Ënner dem Chronogramm ass nieft der Joreszuel 1701 och nach d'Joreszuel 1909 uginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Angelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien