Kierch Béiwen

Vu Wikipedia
Kierch vu Béiwen
Filialkierch vu Béiwen (2014)

Filialkierch vu Béiwen (2014)
Filialkierch vu Béiwen (2014)
Uertschaft / Plaz Béiwen
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratioun 1745
Baujoer 1744
Koordinaten 49° 55’ 11.5’’ N
      05° 50’ 50.5’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Béiwen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Stauséigemeng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am südlechen Deel vun der Uertschaft an der Strooss Um Knupp, net wäit vun der N26. Ronderëm d'Kierch ass nach den ale Kierfecht ze gesinn, deen neie Kierfecht läit baussent dem Duerf am Meecherwee.

D'Kierch steet zesumme mam ale Kierfecht zanter dem 28. Dezember 1961 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als "Monument national".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Béiwen war zanter 1807 eng eegestänneg Par, virdrun huet et zur Par Bauschelt gehéiert.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Béiwen. Et war déi eenzeg Kierch an där Par.

D'Gebai geet a senger haiteger Form op d'Joer 1744 zeréck. Den Tuerm geet awer bis an d'Mëttelalter zeréck an d'Kiercheschëff an den Altor op 1741. De 4. Juli 1745 gouf d'Kierch vum Weihbëschof Pierre-Louis Jacquart vu Léck konsekréiert.

Den Altor gouf 1741 vum bekannte Wolzer Schräiner a Sculpteur Nicolas Jacques geschnëtzt. De Grondrëss vum Altor ass en Oval. No uwe schléisst den Altor mat engem Baldachin of, deen op Saile steet. D'Konscht vum Nicolas Jacques kënnt richteg zum Droe mat de Rocaille-Blatdekoratiounen an den Dunnen. D'Statu vum hellege Mäerten als Zentralfigur vum Altor ass méi al wéi den Altor selwer.

1743 hëlt den Nicolas Jacques dee selwechten Opbau, awer vergréissert, fir d'Kierch vu Wolz.

1957 gouf den Altor ënner dem Paschtouer Jean-Pierre Belche restauréiert.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Dem Veräin Uergelfrënn Béiwen asbl. ass ze verdanken, datt d'Kierch, déi jorelaang nëmmen en Harmonium hat, am August 2006 eng nei Päifenuergel vun der Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder opgeriicht krut. Nodeem d'Uergelfrënn, déi den 1. Juni 2003 gegrënnt goufen, bei der Commission de Surveillance des Bâtiments Religieux en Avis gefrot haten, koum et den 21. Oktober 2005 zu enger Visite, déi zu engem positiven Avis gefouert huet.

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere vun 1952 si vum Gustave Zanter.

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräizwee-Statiounen als Schifer-Relief vun 1960 si vum Emile Hulten. Vum Hulten sinn och déi 14 Kräizweestatiounen aus Sandsteen, déi 1957 laanscht den Harelerberg bis bei d'Kapell op dem Kierchebierg opgestallt goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Béiwen – Biller, Videoen oder Audiodateien