Kierch Béiweng

Vu Wikipedia
Kierch vu Béiweng

Uertschaft / Plaz Béiweng
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Apostel Matthias
Konsekratioun 1867
Architekt(en) Théodore Eberhard
Koordinaten 49° 32’ 36.2’’ N
      06° 08’ 13.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Béiweng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Réiser gehéiert.

Si steet zu Béiweng laanscht den CR159 tëscht dem Kulturzenter an der Edward Steichen Plaz. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1860 goufe vum Architekt Théodore Eberhard d'Pläng vun der Kierch gemaach. D'Aarbechte sinn nach am selwechte Joer vun der Firma Wenner vun Hollerech ugefaange ginn. Déi nei Kierch gouf nieft de Kierfecht op déi Plaz gebaut wou virdrun d'Margréide-Kapell stoung. Am Joer 1861 ass se fäerdeg ginn.

Am selwechte Joer ass Béiweng zesumme mat Bierchem eng eegestänneg Par ginn. Virdrun hu se zur Par Réiser gehéiert.

Am Joer 1862 ass nach eng Sakristei ugebaut ginn. 1864 krut d'Kierch schonn en neien Ustrach.

D'Konsekratioun duerch de Bëschof Nicolas Adames war de 27. Juli 1867.

1898 huet d'Kierch nei faarweg Fënstere kritt, déi vun der Firma Linster & Schmit vu Munneref gemaach goufen.

D'Kierch ass vun 1990 bis 1992 komplett renovéiert ginn, bannen a baussen. Den Duxall an d'Trap goufen ofgerappt an am Bëtong nei gebaut. En neie Buedem ass geluecht an eng Foussbuedemheizung installéiert ginn. D'Elektresch gouf nei gemaach, genee wéi d'Fassad.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Béiweng – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vu Béiweng
Dafschäi vum Edward Steichen an der Entrée vun der Kierch