Kierch Baastenduerf

Vu Wikipedia
Kierch vu Baastenduerf
Parkierch vu Baastenduerf (2014)

Parkierch vu Baastenduerf (2014)
Parkierch vu Baastenduerf (2014)
Uertschaft / Plaz Baastenduerf
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Gangolf
Konsekratioun 1950
Architekt(en) Schmit-Noesen
Baujoer 1950
Koordinaten 49° 53’ 26.8’’ N
      06° 09’ 52.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Baastenduerf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Gangolf, deem säi Fest den 11. Mee gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss, dem CR353, nieft dem Gemengenhaus.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Branebuerg huet ausser der Parkierch vu Baastenduerf och nach d'Kapell vun Tandel gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi al, dräischëffeg Kierch vu Baastenduerf gouf 1853 no Pläng vum Architekt Koenig vun Dikrech gebaut.[2]

Am Zweete Weltkrich gouf se wärend der Ardennenoffensiv awer sou staark beschiedegt, datt eng nei Kierch no de Pläng vum Architekt Nicolas Schmit-Noesen vun der Firma J. Bauler vun Esch-Uelzecht gebaut gouf.

Déi nei Kierch gouf de 17. Mee 1950 vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel a Presenz vum Minister Pierre Frieden a vum Chamberpresident Émile Reuter konsekréiert.[3]

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1997 steet an der Kierch eng digital Uergel vum Typ Ahlborn Hymnus III mat zwéi Manualen an enger Pedall.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Baastenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Die Kirche von Bastendorf ihrer Bestimmung übergeben am Luxemburger Wort vum 20. Mee 1950
  3. Bastendorf feiert am kommenden Mittwoch die Konsekratioun der neuen Pfarrkirche am Luxemburger Wort vum 12. Mee 1950