Méchelskierch zu Beefort

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Beefort)
Méchelskierch zu Beefort

Uertschaft / Plaz Beefort
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl.Méchel
Konsekratioun 1872
Koordinaten 49° 50’ 01.6’’ N
      06° 17’ 25.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch zu Beefort ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Beefort gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den Hl.Méchel deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Si steet am Duerfkär an der Kierchestrooss nieft dem Gemengenhaus.

Zur fréierer Par Beefort gehéiert ausser der Kierch vu Beefort och nach d'Filialkierch vun Déiljen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch ass aus dem Joer 1854. Si gouf gebaut, nodeem déi al baufälleg gi war. D'Pläng ware vum Dikrecher Architekt von König.

Si ass an engem neogotesche Stil a besteet aus 3 Schëffer. De Kierchtuerm, mat 4 Ecktiermercher, ass 43,20m héich.

D'Kierch gouf den 8. Dezember 1854 a Betrib geholl, den 29. September 1855 ageweit an de 5. Juni 1872 konsekréiert. D'Patréiner sinn den Äerzengel Méchel an den hellegen Antonius de Klausener.

Den Héichaltor war vun 1855, d'Säitenaltär, déi aus der aler Kierch iwwerholl goufen, vu 1733. D'Klacke ware vu 1707 (se goufen 1898 ersat) an déi barock hëlze Statu vu 1785. 1867 goufen 2 Beichtstill ugeschaaft, an 1876 eng Kierchtuermsauer a Bänken.

An der Ardennenoffensiv, de 16. Dezember 1944, gouf d'Kierch uerg beschiedegt; just d'Mauere si stoe bliwwen. Se gouf 1946-1951 nees opgebaut. Aus där Zäit ass och d'Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier. 1960 gouf en neie stengenen Héichaltor ugeschaaft, mat enger monumentaler Kräizegungsgrupp vum Sculpteur Émile Hulten. Den 30. Juni 1960 gouf d'Kierch vum Bëschof Léon Lommel op en Neits konsekréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien